Et trëtt a Kraaft, wann all d’EU-Memberlänner et ratifizéiert hunn. Fréistens an der zweeter Hallschent vun dësem Joer.
Keen Accord wier villäicht besser, wéi ee schlechten, heescht et vu Landwirtschaftsvertrieder virun der Press. Fir de Christian Wester vun der Bauerenzentral wier de Rëndfleeschsecteur wuel am stäerkste vum Ofkommes betraff. Donieft mécht hie sech Suergen ëm d’Produktiounsstandarden.
Standarden zënter Joerzéngten eropgeschrauft
D‘EU hätt zënter Joerzéngten d‘Standarde fir d‘Liewensmëttel eropgeschrauft. Sief dat Ëmweltstandarden, Klimastandarden, sozial Standarden oder nach wat d‘Déierewuel ugeet, eosu de Christian Wester.
"Mir gesi vun hei aus net, wéi dat an deene Länner do kann novollzéibar kontrolléiert ginn, ob déi Standarden agehale solle ginn."
Zweiwel, datt d'Standarden agehal ginn
D’EU-Kommissioun géif wuel soen, datt déi héich europäesch Standarden och fir d’Produiten aus Südamerika gëlle missten. De Christian Wester zweiwelt awer drun, datt déi Standarden un dat erukommen, wat an Europa gëllt.
Och an den Ae vun der Bauerejugend kéint d’Mercosur-Ofkommes grouss negativ Suitte fir d’Landwirtschaft hei am Land hunn. A bei Vinsmoselle besteet d’Suerg, datt südamerikanesch Wäiner op eise Marché drécken an d’Präisser doduerch nach erofginn.