Radioen

On air

Tockcity  |  Viagra Boys - Man Made of Meat

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Landwirtschaftsvertrieder zu Mercosur: Keen Accord ass besser wéi ee schlechten

Fräihandelsaccord mat Südamerika

Landwirtschaftsvertrieder zu Mercosur: Keen Accord ass besser wéi ee schlechten

D’Bauerenzentral, d’Vinsmoselle an d’Bauerejugend stinn dem Mercosur-Ofkommes mat 4 südamerikanesche Länner skeptesch géintiwwer. Doduerch soll déi gréisst Fräihandelszon vun der Welt entstoen, an duerch d’Ofkommes sollen ënner anerem Landwirtschaftsproduiten aus Südamerika op den europäesche Maart kommen. 

auto_stories

2 min

headphones

1 min

V. l. n. r: Sam Mille, President vum Service Jeunesse, Christian Wester, President vun der Centrale Paysanne, André Mehlen, Direkter vun den Domaines Vinsmoselle. | © CNL play_arrow
V. l. n. r: Sam Mille, President vum Service Jeunesse, Christian Wester, President vun der Centrale Paysanne, André Mehlen, Direkter vun den Domaines Vinsmoselle. (Foto: CNL)

Et trëtt a Kraaft, wann all d’EU-Memberlänner et ratifizéiert hunn. Fréistens an der zweeter Hallschent vun dësem Joer.

Keen Accord wier villäicht besser, wéi ee schlechten, heescht et vu Landwirtschaftsvertrieder virun der Press. Fir de Christian Wester vun der Bauerenzentral wier de Rëndfleeschsecteur wuel am stäerkste vum Ofkommes betraff. Donieft mécht hie sech Suergen ëm d’Produktiounsstandarden.

Standarden zënter Joerzéngten eropgeschrauft

D‘EU hätt zënter Joerzéngten d‘Standarde fir d‘Liewensmëttel eropgeschrauft. Sief dat Ëmweltstandarden, Klimastandarden, sozial Standarden oder nach wat d‘Déierewuel ugeet, eosu de Christian Wester.

"Mir gesi vun hei aus net, wéi dat an deene Länner do kann novollzéibar kontrolléiert ginn, ob déi Standarden agehale solle ginn."

Lauschterenplay_arrow

Zweiwel, datt d'Standarden agehal ginn

D’EU-Kommissioun géif wuel soen, datt déi héich europäesch Standarden och fir d’Produiten aus Südamerika gëlle missten. De Christian Wester zweiwelt awer drun, datt déi Standarden un dat erukommen, wat an Europa gëllt. 

Och an den Ae vun der Bauerejugend kéint d’Mercosur-Ofkommes grouss negativ Suitte fir d’Landwirtschaft hei am Land hunn. A bei Vinsmoselle besteet d’Suerg, datt südamerikanesch Wäiner op eise Marché drécken an d’Präisser doduerch nach erofginn.