search

/ Populatiounsatlas: Lëtzebuerg an seng Awunner an 150 Karte besser verstoen

National

|
reading time

2 min

Populatiounsatlas: Lëtzebuerg an seng Awunner an 150 Karte besser verstoen

Lëtzebuerg ass tëschent 2011 an 2021 ëm 131.000 Awunner gewuess. Dat entsprécht engem Wuesstem vu 25,7 Prozent. Baséierend op dësen Daten, huet de Statec elo zesumme mat dem LISER an der Uni.lu e Populatiounsatlas geschaf, den an 150 Kaarten d’Lëtzebuerger Bevëlkerung duerstellt.

reading time

2 min

Le Luxembourg en 150 cartes | © 100,7
Le Luxembourg en 150 cartes (Foto: 100,7)

Mat ronn 25 Prozent Wuesstem, hat Lëtzebuerg tëschent 2011 an 2021 eng vun den héchste Croissancen an Europa. An zwielef Kategorië gi verschidden Aspekter elo an dem Populatiounsatlas analyséiert a representéiert, dorënner Logement, Sproochen, Transport an Educatioun.

Den Zensus, den all 10 Joer stattfënnt, soll ënner anerem eng wëssenschaftlech Grondlag schafen un där sech d’Politik orientéiere kann.

Stad Lëtzebuerg bleift de "pôle d'attraction"

De Jéròme Hury vum Departement des Statistiques Sociales vum Statec erkläert, datt aus den Zuelen ervir geet, datt d'Stad Lëtzebuerg weiderhin den Dréi an Aangelpunkt vum Land wier.

"Mir gesinn och natierlech, datt berufflech gesinn de Pôle d'attraction d'Stad Lëtzebuerg ass, wat natierlech och sech am Transport erëmspigelt an de Fluen, déi mer fest kënne stellen."

Nordstad gëtt ëmmer méi zu engem urbanen Zentrum 

Donieft géif een awer och mierken, datt den Trend Richtung Nordstad geet. Hei géif sech a Punkto Croissance och vill doen.

"Puncto Croissance, puncto Aarbechtsplazen, datt och d'Densitéit vun der Populatioun sech op enger Achs Süden-Nord laanscht d'Autobunn konzentréiert. Esou Saache kann een dann unhand vun deene Kaarte feststellen."

De Jéròme Hury erkläert iwwerdeems nach de Notze vun dem Zensus, och Volkszälung oder Recensement genannt. 

Lëtzebuerg an 150 Karten 

"De Recensement gëtt benotzt, fir déi nei Politicken ze gestalten, an Fonctioun vun de Besoinen, déi d'Land huet, fir kënne Schoulen ze plangen, Altersheemer an esou weider, Stroossen, ëffentlechen Transport, fir esou Politicken ass de Recensement ganz wichteg a ganz utile."

Dir kennt Le Luxembourg en 150 cartes op Melusina Press gratis eroflueden.