Ob den Nicolas Schmit, dee vun den europäesche Sozialiste frësch als hire Spëtzekandidat nominéiert gouf, och mat der LSAP an d‘Europawale geet, ass nach net kloer. Spëtzekandidat vun der Lëscht vun de Lëtzebuerger Sozialiste gëtt jiddefalls den aktuellen Europadeputéierte Marc Angel.
Den Nicolas Schmit huet um Neijoerschpatt ënner anerem dem Jean Asselborn, dee sech gëschter aus der aktiver Politik zréck gezunn huet, merci gesot.
Nicolas Schmit: Europäesch Wäerter verteidegen
Nom Merci un de Jean Asselborn, dee selwer net present war, huet den Nicolas Schmit ee kämpfereschen Toun ugeschloen. An den Europawale géif et virun allem ëm déi europäesch Wäerter goen.
"Säitdeem den Här Orban keng Frënn méi a Polen huet, schéngt hien elo Frënn a Lëtzebuerg fonnt ze hunn. Dat ass net akzeptabel."
Schéier tëscht aarm a räich gëtt méi grouss
D’Co-Parteipresidentin Francine Closener huet dann och kloer Wieder géint dat ëmstriddent Heescheverbuet fonnt. Bei esou enger Politik géif et engem kal de Réck erof lafen.
"Amplaz d’Aarmutsbekämpfung, déi nach zu Senneng als grousst Theema vum neie Luc verkaf gouf, amplaz dovunner déi Aarm bekämpft. Iwwerhaapt kënnt d’Repressioun zu ganz neie Kéieren, mat der Verschäerfung vum Platzverweis, mat der ominéiser Gemengepolice, a virun allem mat der Aféierung vun der concurration immediate."
Déi aktuell Regierung géif mat hirer Politik d’Schéier tëscht aarm a räich ëmmer méi grouss maachen. Notamment wéilt een am Pensiounssystem op méi privat Altersversuergung setzen. Dat géif zu méi Ongerechtegkeete féieren, bedauert d’Francine Closener. Et dierft een d’Land och net als Firma an d’Populatioun als Beleegschaft gesinn.
Net blann drafachen
Och den Dan Biancalana, Buergermeeschter vun Diddeleng a Co-Parteipresident, huet op d’Pläng vun der Regierung, déi nach keng 100 Deeg am Amt ass, reagéiert.
"Jo, et ass scho wierklech cocasse, wann de Premier seet, de sozialen Opstig am Land wier garantéiert duerch d’Ierfschaft. Ech mengen, mir sinn am falsche Film, Här Frieden. D’Méiglechkeet vum sozialen Opstig ass fundamental an eiser Gesellschaft. Bildung, Formatioun, Chancëgerechtegkeet, sozialen Ausgläich, e gudde Gesondheetssystem, dat sinn d’Valeure fir eis, déi fir d’LSAP de sozialen Opstig solle kennen erméiglechen."
Also Oppositioun dierft een awer net blann drafachen, betount d’Francine Closener, doduerch géifen d’Leit nämlech d’Flemm kréien.