search

/ LSAP-Fraktioun: Sozialdialog muss reaniméiert ginn

National

|
headphones

3 min

LSAP-Fraktioun: Sozialdialog muss reaniméiert ginn

Knapp véier Wochen nodeem et der Regierung bei de sougenannte Sozialronnen net gelonge war, een Accord z’erreechen, huet d’LSAP-Fraktioun gëschter een Appell gemaach, de Sozialdialog ze reaniméieren.

headphones

3 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

D’CSV-DP-Regierung hätt mat deem Dialog gebrach, esou d’Fraktiounscheffin Taina Bofferding. Néideg wier et elo, de Sozialdialog erëm ze flécken, an d’Regierung misst dofir ee grousse Schrack op d’Gewerkschaften zoumaachen.

Dem Premier Luc Frieden säi Verhale wier net respektvoll, autoritär an iwwerhieflech, huet d’Taina Bofferding festgestallt.

D’LSAP-Fraktiounscheffin huet och d’Fro opgeworf, ob d’CSV-DP-Regierung d’Pensiounsdiskussioun wäert iwwerstoen, an ob aktuell Ministeren net op eemol méi séier an der Pensioun wäerte sinn, wéi hinne léif wier. Op Nofro huet d’Taina Bofferding dozou gesot:

"Et ass net, dass mer elo direkt ee viséieren, dass se soll an d'Pensioun geschéckt ginn. Mee et stellt sech awer trotzdeem d'Fro, wéi se déi Pensiounsdiskussioun do wëllen iwwerliewen, well se eebe keng kloer Linn hunn. A wie weess, heiansdo kënnt et jo zu Changementer. Heiansdo geet et méi séier wéi engem léif ass. (...) Mee et ginn der, déi hiren Job besser maachen an et ginn der, déi hiren Job manner gutt maachen, wou ee sech effektiv freet, jo, wéi se wëllen déi Schluechten, déi nach ze kämpfe sinn, wéi se déi gäre wëlle gewannen."

“Wa mir als Minister, de Chef vun der Regierung esou oft an d’Zopp géif späizen, wéi dat geschitt ass, da wéisst ech wat ech ze maachen hätt”, esou dozou nach den LSAP-Deputéierten a fréiere Sozialminister Mars Di Bartolomeo. Hien huet och festgestallt, datt et alles an allem och eng Néierlag fir de soziale Fligel vun der CSV ginn hätt.