Radioen

On air

Notturno  |  James Righton - Touch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krisesituatioun bei der Caritas: 61 Milliounen Euro geklaut

Finanzskandal

Krisesituatioun bei der Caritas: 61 Milliounen Euro geklaut

D'Caritas ass 100,7-Informatiounen no an de leschte Wochen Affer gi vun engem risege Bedruch, deen d'Fondatioun an existenziell Schwieregkeete bréngt. Eng gutt placéiert Mataarbechterin steet am Verdacht, der sozialer Organisatioun ronn 60 Milliounen Euro geklaut ze hunn. Si soll den Ament am Ausland sinn.

auto_stories

3 min

Caritas Logo | © Jo Diseviscourt

D’Mataarbechterin kritt virgeheit, an de leschte Méint a besonnesch wärend dem Congé vum Generaldirekter Marc Crochet riseg Geldbeträg aus der Caritas eraus transferéiert ze hunn. 

Enquête leeft op Héichtouren

D'Generaldirektioun huet de Fall viru Kuerzem entdeckt, nom Retour vum Marc Crochet, a bei der Justiz eng Denonciatioun gemaach. De Parquet huet eng Enquête opgemaach, déi am Moment op Héichtoure leeft.

Finanziell Nout

D'Caritas muss dringend Léisunge fir hir finanziell Situatioun fannen, well se soss hir Scholden net méi bezuele kann.

Méi Sourcen hunn eis d'Detailer confirméiert, wëllen awer wéinst der sensibeler Matière net mam Numm genannt ginn. 

Vill oppe Froen

Et wäert mussen no Erklärunge gesicht ginn, wéi esou e risege Bedruch iwwerhaapt méiglech ass: Wéi et also intern an der Caritas dozou konnt kommen, an och firwat bei de Banken näischt opgefall ass. Och bleift ze klären, ob déi presuméiert Täterin eleng gehandelt huet. 

Confirmatioun vun der Caritas

D'Caritas huet d'100,7-Informatiounen no der Publikatioun vun dësem Artikel confirméiert. An engem Communiqué schreift d'Organisatioun: "Caritas Luxembourg confirme avoir porté plainte pour détournement de fonds le 16 juillet dernier. Le montant est estimé à 60 millions d’euros. Durant toute l’enquête, elle va pleinement coopérer avec la justice afin d’élucider la situation rapidement. Ceci dans le respect du secret de l’instruction. Malgré cette situation, elle continue à s’investir sereinement et pleinement dans le suivi de sa mission, le soutien des personnes les plus démunies."

Och Parquet a Regierung reagéieren

De Parquet huet an engem Communiqué confirméiert, datt de Generaldirekter vun der Caritas den Dënschdeg, de 16. Juli eng Plainte gemaach hätt. D'Justizautoritéiten hätten direkt eng Enquête opgemaach wéinst "Faux et usage de faux, escroqueries, abus de confiance, vols domestiques, fraudes informatiques et blanchiment."

D'Regierung deelt mat, datt se an enkem Kontakt mat der Caritas ass fir no Léisungen ze siche fir d'Continuitéit vun den Aktivitéiten z'assuréieren. 

Ee vun de gréissten Acteuren am Secteur

D'Caritas huet ronn 400 Mataarbechter:innen. D'Fondatioun, déi sech zu Lëtzebuerg an am Ausland am soziale Milieu engagéiert, bekennt sech zur kathoulescher Kierch. Fir hir sozial Aktivitéite gëtt et Konventioune mam Staat, déi mat Steiergelder subventionéiert ginn. D'Caritas ass ee vun de gréissten Acteuren an deem sougenannte konventionéierte Secteur. An de Statuten heescht et: "La Fondation s'engage au service de la diaconie de l'Eglise catholique pour la lutte contre toutes les formes de pauvreté, les fléaux sociaux, les maladies et les misères humaines dans le Grand-Duché de Luxembouerg et à l'étranger."

Dem leschte Joresbericht no, huet d'Caritas am Joer 2023 eleng zu Lëtzebuerg 24.000 Persoune gehollef, ënner anerem Mannerjäreger an Nout, Leit ouni Daach iwwert dem Kapp oder Flüchtlingen. 

Der Caritas gehéieren och d'Associatioune Caritas Accueil et Solidarité asbl, Caritas Jeunes et Familles asbl sou wéi Caritas Enfants et Familles asbl. Déi zwou lescht genannten asbl solle weider net vum Finanzskandal betraff sinn. 

 

Aktualitéit
Caritas
Politik a Gesellschaft