Just nach déi fir de Stater Park ginn nees ausgeschriwwen, erkläert d’Lydie Polfer.
"Mir halen elo domat mol op, well jo de Minister mat der Police, sech engagéiert huet, fir eng vill méi grouss Präsenz vu Fousspatrullen, souwuel an der Uewerstad, wéi an der Gare zu hunn, an ech mengen dat gesäit jiddereen, dat maachen se och. Dat ass also net beim soe bliwwen, dat ass gemaach ginn."
Weider huet déi Stater Buergermeeschtesch nach matgedeelt, datt d’place de la constitution bei der Gëlle Fra elo autofräi ass an deemno eng Rei Evenementer do stattfannen, ënnert anerem den Oktav-Mäertchen.