An dofir ass elo mat Spannung op déi éischt Sitzung vum CPTE an dësem Joer gewaart ginn, mee d'Gewerkschaften OGBL an LCGB ware present. Geschwat gouf ënner anerem iwwer d'Insertioun vu Salariéë mat Behënnerung, een Thema dat een net wollt blockéieren, sou béid Gewerkschaften. Iwwer d'Kollketivverrtragsgesetz gouf trotzdeem net geschwat, sou d'OGBL-Presidentin Nora Back.
Mee egal a wéi engem Kader déi Gespréicher dono gefouert ginn, et wier wichteg dono op konkret Resultater ze kommen, sou d'Nora Back.
Patrick Dury: Eventuell leschte Reunioun vum CPTE
Iwwert d'Theema sollt bilateral am Kader vunm Sozialdësch gecshwat ginn, sou den Aarbechtsminister. Mee net d'Form, mee den Inhalt vun de Gespréicher interesséiert den LCGB-President Patrick Dury.
"Mir brauchen u sech eng Léisung, datt mir am Status quo kënne weiderschaffen. D'Kollektivverträg sinn d'Fundament op deen eise Sozialmodell steet. A wa mer u sech dee Sozialmodell zerstéieren, da fäerten ech ganz, datt dat haut vläicht awer dann déi lescht Reunioun vum Comité permanent du travail d'emploi war."
E prezisen Datum wéini déi Gespréicher solle gefouert ginn, kruten d'Gewerkschafte bis elo nach net genannt.