Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Konkurrenzautoritéit: Onugekënnegt Kontrollen am Assurancësecteur

Eventuell Verstéiss géint Konkurrenzrecht

Konkurrenzautoritéit: Onugekënnegt Kontrollen am Assurancësecteur

Den 30. an den 31. Januar huet d‘Konkurrenzautoritéit zesumme mat der police judiciaire onugekënnegt Kontrollen am Assurancësecteur duerchgefouert. Et goung dobäi ëm eventuell Verstéiss géint d‘Konkurrenzrecht.

auto_stories

2 min

Déi Kontrolle sinn an enger éischter Etapp néideg, fir d’Instruktiounsprozedur an d’Weeër ze leeden. D’Autorité de la Concurrence präziséiert an hirem Communiqué, datt dat op kee Fall bedeit, datt ee Verstouss virläit. 

Am Schreiwes gëtt net präziséiert ëm wéi eng Versécherungen et sech handelt an a wéi engem Assurancësecteur se aktiv sinn. Déi Nimm ginn och net public gemaach.

Appell un aner Assurancen

Allerdéngs ass dëse Communiqué een Appell un eventuell aner Assurancen, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn an déi net kontrolléiert goufen. Si solle sech mellen, wa se selwer géint d’Konkurrenzrecht verstouss hätten. Deen Ament kéinte si och vum sougenannte Programme de Clémence profitéieren. Eng Entreprise déi sech bei der Konkurrenzautoritéit mellt, kéint iwwert dee Programm nämlech vun enger Immunitéit oder enger Reduktioun vun der Strof profitéieren. 

Déi déi sech als éischt mellen, sinn an deem Kontext favoriséiert. Och déi déi vill Beweiser liwweren, kéinten am Fall vun enger Enquête besser bei de Sanktiounen ewechkommen.

Wat awer heescht eng anti-konkurrenziell Praxis, sief dat am Assurancësecteur oder an engem anere Beräich?

Wann eng Rei Firmen aus engem Secteur sech bei der Tarifikatioun ofschwätzen, an hir Präisser deen Ament méi héich kënnen halen, ewéi dat soss am Fall vun enger fräier Konkurrenz gewiescht wier, da schued dat de Clienten.

Och aner Verstéiss kéinten a Fro kommen

D’Konkurrenzrecht an der EU versicht dowéinst de gudde Fonctionnement vum Bannemarché ze garantéieren.

Duerch d’Konkurrenzfräiheet, geet d’EU dovun aus, datt d’Entreprisen innovativ bleiwen a versichen hir Käschten ze reduzéieren, voir d’Produiten an d’Servicer ze verbesseren. Well et am Communiqué vun der Autorité de la Concurrence keng Detailer gëtt, iwwert d’Elementer vun der Enquête kéinten och aner Fäll vu Verstéiss géint d’Konkurrenzrecht a Fro kommen, ewéi nëmmen d‘Tarifikatioun vun hiren Déngschtleeschtungen.