Haaptthema vun der Konferenz wäert wuel de proposéierten amerikanesche Friddensplang sinn. Iwwert deen haten amerikanesch an ukrainesch Vertrieder leschte Weekend schonn zu Genf diskutéiert.
Gläichzäiteg géife Medieberichter no, zu Abu Dhabi den Ament Geheimverhandlunge tëschent den USA a Russland lafen. Der Financial Times no, wier bei de Gespréicher och de Chef vum ukrainesche Geheimdéngscht dobäi.
Weider Doudesaffer wärend Friddensverhandlunge lafen
Wärend Friddensverhandlunge lafen, ass et zu Dronenattacke vu béide Säite komm. Zu Kyiv si bei russeschen Attacken op d‘mannst sechs Mënschen ëm d‘Liewe komm. Bei ukraineschen Attacken un der Grenz zu Russland sollen dräi Mënsche gestuerwe sinn.