Bis den 30. Juni huet d’Regierung Zäit, de Klimasozialplang bei der Europäescher Kommissioun zu Bréissel anzereechen, fir konform zum EU-Reglement iwwer de Klimasozialfong ze sinn. Den Ëmweltminister Serge Wilmes hat allerdéngs an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun déi gréng scho bekannt ginn, datt d’Aarbechten nach amgaang wieren, an datt den Avant-projet vum Plang réischt am Hierscht soll virgestallt ginn.
OGBL: Gerechtegkeeten, déi beienee gehéieren
D’Chambre des salariés, d‘Gewerkschaften LCGB an OGBL, an de Mouvement écologique hunn zesummen en 21 Säite laangen Avis zum Klimasozialplang ausgeschafft. Si fuerderen, datt déi sozial-ökologesch Transformatioun zur politescher Prioritéit gëtt.
Klimagerechtegkeet a sozial Gerechtegkeet wieren net vuneneen ze trennen. Dowéinst och den Zesummeschloss an dëser Saach, esou den David Angel vum OGBL.
"Mir gesi jo, wéi sech d'Phenomeener vum Klimawandel acceleréieren a verschäerfen, a mir gesinn och, an dat ass do, wou dann ëmmer eise Fokus läit als Gewerkschaften, dass et jo ronderëm d'Welt, natierlech am globale Süden, mee och hei ëmmer déi méi sozial schwaach-gestallte Mënsche sinn, déi als éischt ënner d'Rieder kommen, an déi als éischt zum Affer gi vu Klima- an Ëmweltkris."
D'CSL bréngt eng Tax an d'Spill
Fir sozial schwaach Haushalter wier déi ökologesch Transitioun dacks méi schwéier, well si entweder net déi finanziell Moyenen hu fir iwwer Méint Sue virzestrecken, bis de Subsid da rembourséiert gëtt, oder och, well si net Proprietär vun engem Logement sinn, esou de Claude Roeltgen vun der CSL.
An hirem Avis gi verschidde Mesurë proposéiert, fir deem entgéint ze wierken.
"Dat éischt wier et, dass ee sech e Stéchdatum gëtt, bis zu deem all Locatiounswunneng muss eng gewësse Performance erreecht hu, fir dass se iwwerhaapt däerf an der Locatioun bleiwen, oder an d'Locatioun gesat ginn. Et ass awer logesch, dass een hei dat natierlech misst coupléiere mat enger Tax op eidelstoend Wunnengen, well wann een dat net mécht, géife warscheinlech vill Logementer vakant bleiwen."
Mouveco: Net eisen Job, der Regierung hire Plang ze erstellen
D’Blanche Weber vum Mouvement écologique ënnersträicht awer och:
"Mir konnten a wollten och net lo am Laf vun där minimaler Zäit, déi mir lo haten, der Regierung hire Klima- a Sozialplang ze erstellen. Dat ass net eisen Job. Dat ass net eis Responsabilitéit."
Iwwer d’Plattform zesummen-vereinfachen.lu konnt ee bis Enn Abrëll seng Proposen zum Plan social pour le climat areechen.