Kinepolis Lëtzebuerg huet 2023 nees däitlech méi Visiteure gezielt
An den dräi Kinoe vum Grupp Kinepolis goufen d’lescht Joer däitlech méi Visiteure gezielt wéi dat Joer virdrun. 2023 waren et 820.000 Visiteuren. Dat waren der 180.000 - oder bal 27 Prozent - méi wéi 2022.