D‘Poste vun nordkoreanesche Beamten, déi mat Südkorea kommunizéiert hunn en vue vun enger méiglecher Nees-Vereenegung, goufen ofgeschaaft.
Nord- a Südkorea wieren an enger akuter Konfrontatioun, de nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un wéilt Südkorea als Haaptfeind vum Land an der Verfassung verankeren, esou déi staatlech nordkoreanesch Noriichtenagence.
De südkoreanesche President huet gewarnt, säi Land wier prett fir op d‘Provokatioune vu Nordkorea ze äntweren.