Radioen

On air

Spektrum  |  Liam Benzvi - Other Guys (feat. Blood Orange)

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Kënschtler géint ADR: Grupp vun Artiste lancéiert Petitioun géint d'ADR

Europawalen

Kënschtler géint ADR: Grupp vun Artiste lancéiert Petitioun géint d'ADR

E Grupp vu Lëtzebuerger Artisten, ugefouert vum Serge Tonnar, huet eng Petitioun géint d'ADR lancéiert. Bis elo hunn 53 Kënschtler ënnerschriwwen. Doran ass et den Opruff, datt een op kee Fall d'ADR soll wielen.

auto_stories

1 min

Foto: Jo Diseviscourt

D'Reprochë sinn ënnerem, datt d‘ADR géif uginn, fir Lëtzebuerg ze stoen, géif awer d‘Diversitéit vun de Kulturen, déi Lëtzebuerg ausmécht, mëssuechten.

Si géife vum Onsécherheetsgefill vun de Leit profitéieren. Och d‘Leit, déi Kultur maachen an d‘Konschtfräiheet wier hinnen egal, heescht et an der Petitioun. Kënschtler, deenen hir Aussoen hinnen net passen, huelen si op d'Geriicht a versiche si monddout ze maachen.

Si géife Fakte fir Meenungen an hir Meenunge fir Fakten halen a si géifen net nëmme faschistesch Aussoen an hire Reien toleréieren, mee et wier hinne souguer egal, heescht et vum Grupp.