Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Say Yes Dog - Deep Space

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kënnt d‘Gemeng Hesper nees zur Rou?

No hëtzegen Diskussiounen tëschent Majoritéit an Oppositioun

Kënnt d‘Gemeng Hesper nees zur Rou?

De leschte Freideg war zu Hesper deen éischte Gemengerot zënter dem 17.Januar. Deen éischten och no der Auszäit vum Buergermeeschter Marc Lies. Eng Auszäit, wärend där vill geschitt ass, an déi an deem Sënn keng richteg war.

auto_stories

3 min

headphones

7 min

D'Hesper Gemeng | © Gemeng Hesper play_arrow
D'Hesper Gemeng (Foto: Gemeng Hesper)

Dat louch un der Affär ëm e Beamten, dee sech Stonnen opgeschriwwen hat, ouni se geschafft ze hunn. Eng Saach, déi de Marc Lies am Januar nach séier an de Gemengerot brénge wollt, wouduerch d'Oppositioun sech awer iwwerdubbert gefillt huet.

Si huet dat och net verstoppt. Wat de Marc Lies dann erëm esou rose gemaach huet, datt hien "deem Kallef vun de Ron", gréngen Oppositiounsconseiller "a sengem Alkolit Gottfried" Ex-Pirat, elo LSAP, den Dicks wollt riichten. Déi Ukënnegung hätt net sollen erauskommen. Se war an engem Mail un CSV-Leit just geschriwwe ginn. Se ass awer erauskomm an huet dozou geféiert, datt d'Stëmmung am Gemengerot de leschte Freideg net déi bescht war.

Den CSV-Cheffe Guy Wester ass frou, datt d‘Situatioun sech elo e bësse berouegt huet, an datt een den Ordre du jour vum leschte Gemengerot konnt propper iwwer d‘Bün bréngen.

Claude Lamberty: "Schrecklech onspektakulär"

Den DP-Schäffe Claude Lamberty hat wärend dem Gemengerot d'Wuert ergraff a gesot:

"Ech sinn och der Meenung, datt d'Oppositioun keng Feeler gemaach huet, wa se Froe stellt. Ech muss se awer elo enttäuschen, wa se mengen ech géif soen, d'Majoritéit hätt Feeler gemaach. Well och d'Majoritéit huet keng Feeler gemaach. Deen Eenzegen, deen e Feeler gemaach huet, ass e Beamten."

De Feeler wier och net iwwer ee Skandal opgedeckt ginn, mee de System hätt fonctionnéiert, an dono wier eng onofhöngeg Enquête gemaach ginn, esou de Claude Lamberty. Zum Schluss wier eng Decisioun geholl ginn an de Gemengerot hätt déi matgedeelt kritt. "Wann een dat esou opzielt, ass et eigentlech schrecklech onspektakulär", sou den DP-Schäffen.

De Guy Wester fuerdert eng Oppositiounsaarbecht op den Dossieren

De Guy Wester deelt déi Analys. Et wier der Oppositioun hiert Recht fir Froen ze stellen, mee et wier och ëmmer eng Fro vun der Aart a Weis. Hie stéiert sech drun, datt elo fir d‘zweet a kuerzer Zäit Dossieren aus dem Huis clos un d‘Ëffentlechkeet komm sinn.

"An ech mengen och, et kann een net Oppositiounspolitik maachen, andeem ee sech probéiert ze profiléieren op Käschte vun den aneren. Wat eeben de facto hei geschitt ass."

"Elo no vir kucken"

Op d‘Fro, wéi een CSV-Member d‘Mail vum Marc Lies da geleaked huet, wëllt de Guy Wester net konkret äntwerten. Et wieren awer Konsequenze ginn an et wéilt een dofir suergen, datt esou eppes an Zukunft net méi virkënnt. 

Dem Marc Lies seng Aussoe misst een dem Guy Wester no staark relativéieren. De Marc Lies wier ee ganz engagéierte Buergermeeschter an inhaltlech wiere seng Aussoen och sachlech korrekt gewiescht. D‘Gemeng sollt elo erëm no vir kucken, seet de Guy Wester.

Lauschterenplay_arrow