Radioen

On air

Kultur um 5  |  Kultur

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keel-Téiteng: Ee vun den dräi Verdächtege festgeholl

D'Police deelt mat

Keel-Téiteng: Ee vun den dräi Verdächtege festgeholl

D‘Policedeelt weider Detailer zu der versichter Bankomat-Sprengung zu Téiteng mat. Kuerz virun 3 Auer an der Nuecht op e Méindeg hat d‘Police gemellt kritt, datt e puer verdächteg Persoune beim Bankomat an der Haaptstrooss zu Téiteng wieren.

auto_stories

1 min

© Bumble Dee / Adobe Stock
(Foto: Bumble Dee / Adobe Stock)

Wéi d‘Police op d‘Plaz koum, wieren 3 Persoune fortgelaf. Op der Flucht ass ee vun hinne vun engem Auto ugestouss ginn. E gouf immobiliséiert an an d‘Klinik bruecht an ass op Uerder vum Parquet festgeholl ginn.

Di zwee aner sinn awer entkomm a konnte bis elo, trotz enger groussraimeger Sich, net fonnt ginn. Beim Bankomat ass och e verdächtege Pak séchergestallt ginn, dee vun enger Spezialunitéit vun der Police neutraliséiert ginn ass. 

D‘Police huet och en Auto beschlagnaamt, dee viru kuerzem an der Belsch geklaut gi war. Eng Enquête leeft. 

De Moien haten Onbekannter probéiert, e Bankomat bei engem Supermarché zu Keel ze sprengen. Zwou Persoune sinn op der Flucht, esou d‘Police de Moien an engem Communiqué. Am Raum Keel/Téiteng a Rëmeleng soll ee kee mam Auto mat huelen. All verdächteg Persoune soll e bei der Police um Telefon 113 mellen.