13 vun de 27 Memberlänner, dorënner Lëtzebuerg, hate matgedeelt, datt si sech géifen enthalen.
Eent wollt géint d‘Direktiv stëmmen. Dat wier e grousse Réckschlag fir d‘Responsabiliséierung vun de Betriber a fir de Schutz vun de Mënscherechter a vun der Ëmwelt, heescht et an der Deklaratioun, déi och vun der Lëtzebuerger Organisatioun „Initiative pour un devoir de vigilance“ mat ënnerschriwwe gouf.
An engem Presseschreiwes fuerdert d‘Initiativ, datt Lëtzebuerg kloer Jo zu der Liwwerketten-Direktiv seet. Mat all anerer Positioun géif d‘Regierung hir Credibilitéit verléieren.