Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Recht op Schlichtung: Geféierleche Präzedenzfall fir d'Arméisgewerkschaft

Fonction publique

Kee Recht op Schlichtung: Geféierleche Präzedenzfall fir d'Arméisgewerkschaft

D‘CGFP ass net averstan mat der Positioun vun der Regierung wat Staatsbeamten ouni Streikrecht ugeet. Well des Beamten net dierfte streiken, dierften se – am Fall vun engem Desaccord - och net virun eng Schlichtung goen, sou gesäit si d’Lag. Déi Vue gouf viru kuerzem och op der Conciliatioun selwer confirméiert.

auto_stories

2 min

Der Arméisgewerkschaft SPAL no, war et eigentlech ëm e Litige bei de sougenannten oppene Karriäre gaangen. Well keen Accord fonnt gouf, koum d’Affär virun d‘Conciliatioun, an hei huet d‘Presidentin d‘Vue vun der Regierung gedeelt: Wann ee kee Streikrecht huet, dann ass och eng Conciliatioun net néideg, sou hir Aschätzung.

An der Vergaangenheet ass et gaangen“

Fir de Präsident vun der Arméisgewerkschaft SPAL ass dëst eng bedenklech Entwécklung well ganz vill aner Staats-Beamten an der selwechter Situatioun wieren:

Mir haten als Arméisgewerkschaft selwer zwou Conciliatioune mat der viregter Regierung, awer och schonn zu Zäiten, wou eng CSV an der Regierung war. Also et ass an der Vergaangenheet gaangen.“

Gewerkschaftsrechter dierfen net beschnidde ginn

Et wier ee geféierleche Präzedenzfall, sou nach de Christian Schleck dee präziséiert, datt et e Grondrecht wier fir a Litigë virun zwou Instanzen ze goen. Gëschter huet d’CGFP de Premier Luc Frieden an de Minister vun der Fonction publique Serge Wilmes begéint fir si op d’Problematik unzeschwätzen. 

Mir erwaarden eis natierlech, datt entweder eng Solutioun mat deem aktuelle Gesetz vun 1979 elo fonnt gëtt oder respektiv da muss een envisagéieren eng eppes Neies en place ze setzen, datt deenen Agenten, déi kee Streikrecht hunn, awer trotzdeem d'Méiglechkeet gëtt, géint eng Decisioun Recours ze maachen.

Et géif hei net drëms goen, mat engem Streik ze dreeën, sou nach de SPAL Präsident. Dat hätt een och an der Vergaangenheet net gemaach. Demokratesch geséchert Gewerkschaftsrechter dierften awer net beschnidde ginn. 

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft