Als besonnesch Leeschtunge goufen d‘Ausbremse vun der Corona Pandemie, den Optrëtt vis à vis vu Russland an d‘Impulser am Kader vum sougenannte „Green Deal“ opgezielt, mat deem d‘EU bis 20250 klimaneutral soll ginn.
Den internationale Karlspräis zu Oochen gëllt als déi wichtegst Auszeechnung fir Verdéngschter fir d‘europäesch Eenegung. Och der Ursula von der Leyen hire Virgänger, de Jean-Claude Juncker, krut de Präis. Allerdéngs nach als Lëtzebuerger Premier 2006.