Si soll an der Mëttesstonn mat engem Militärfliger op der Insel ukommen. Sur Place wëll si mat der sécurité civile a mat den Affer vum Zyklon schwätzen. Och muer wëll si sech nach ee Bild vun der Situatioun maachen.
Dës Visitt wier zwar net am Kader vun humanitärer Hëllef oder vu politesche Mesuren, mee hirem Porte-parole no wéilt d‘Marine le Pen een Zeeche setze fir d‘Ënnerstetzung vun den Awunner. Ausserdeem wëll si Drock op déi franséisch Regierung maachen, kuerz virun der Presentatioun vun engem Noutgesetz fir d‘Insel Mayotte.