Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
search

/ Kanada: Grousse Bëschbrand am Jasper-Nationalpark ausser Kontroll

Awunner evakuéiert

Kanada: Grousse Bëschbrand am Jasper-Nationalpark ausser Kontroll

25.000 Awunner an Touriste goufe mëttlerweil aus der Regioun evakuéiert. Déi historesch Uertschaft Jasper bis zu 50 Prozent zerstéiert ginn, sot de Buergermeeschter.

auto_stories

1 min

 De Chef vun de Pompjee sot, d‘Feier wier sou grouss datt een den Ament net vill maache kéint. Fir ze hëllefe soll d‘Arméi an d‘Regioun geschéckt ginn. Pompjeeën aus anere Länner ginn och op der Plaz erwaart, dorënner aus Mexiko, Australien a Südafrika.

Jasper ass dee gréisste kanadeschen Nationalpark. Nodeems a Kanada zejoert wéinst Bëschbränn eng Rekordfläch verbrannt war, hat et dëst Joer bis elo am Verglach manner Bränn ginn. Wéinst dem Klimawandel sinn d‘Bëschbränn, den Experten no, weltwäit méi intensiv ginn, a si dauere méi laang.