arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kampf géint illegal Migratioun dierft keng Konsequenze fir Grenzgänger hunn

Luc Frieden zu Berlin 

|
reading time

1 min

Kampf géint illegal Migratioun dierft keng Konsequenze fir Grenzgänger hunn

Op enger gemeinsamer Pressekonferenz mat sengem däitschen Homolog huet de Premier Luc Frieden zwar Versteesdemech fir den däitsche Kampf géint illegal Migratioun gewisen, ma deen dierft awer net d’Liewe vun de Grenzgänger:inne beanträchtegen, esou de Luc Frieden. 

reading time

1 min

De Luc Frieden op Aarbechtsvisitt zu Berlin  | ©  picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
De Luc Frieden op Aarbechtsvisitt zu Berlin (Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld)

Däitschland huet nach ënnert der aler Regierung virun 10 Méint nees Grenzkontrollen ageféiert. Wat vun den Nopeschlänner, Lëtzebuerg inclus, ëmmer nees kritiséiert gëtt. 

Et wier eng Moossnam op Zäit huet de Friedrich Merz betount. D‘Inneministere vu béide Länner sollten elo iwwert d‘Méiglechkeet schwätzen, fir d‘Grenzkontrolle méi wäit an Däitschland eran ze leeën - also vun de Grenzen ewech.

Et war dëst déi éischt Visitt vum Premier beim - vum schonn net méi grad sou neien - däitsche Regierungschef.

De Friedrich Merz huet d’Relatioune mat Lëtzebuerg als aussergewéinlech gutt bezeechent. 

De Luc Frieden huet den däitsche Regierungschef e laangjärege Frënd genannt, déi vill géif verbannen. 

Béid Regierungscheffen hu sech um Dënschdegmoien iwwer europäesch an international Themen ausgetosch. Alle béid géifen si sech beispillsweis och dofir asetzen, datt d‘EU d‘Mercosur-Ofkommes ofschléisst, esou nach de Bundeskanzler.