arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lex Delles kritiséiert däitsch Grenzkontrollen

Benelux-Parlament

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Lex Delles kritiséiert däitsch Grenzkontrollen

Fir un de 40. Anniversaire vum Schengener Accord ze erënneren, war um Freidegmëtteg an der Chamber eng Sëtzung vum Benelux-Parlament.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
De Minister Lex Delles | © Morgane Weidig
De Minister Lex Delles (Foto: Morgane Weidig)

40 Joer sinn et um Samschdeg 14. Juni hier, datt d’Benelux-Staate plus Däitschland a Frankräich den éischte Schengen-Accord ënnerschriwwen haten. Dëse Vertrag hat mat dozou gefouert, datt 10 Joer drop, 1995, d’Grenzkontrollen op de Bannegrenze vu siwen EU-Staaten ewech gefall waren.

De fréieren LSAP-Politiker Robert Goebbels, deen den Accord viru 40 Joer mat ënnerschriwwen hat, huet an der Sitzung vum Benelux-Parlament de Mëtteg bedauert, datt 10 vun den 29 Memberstaate vum Schengen-Raum erëm Grenzkontrollen agefouert hunn.

De Minister Lex Delles (DP) huet bei der interparlamentarescher Assemblée méi spezifesch déi däitsch Grenzkontrolle kritiséiert.

 “Je suis très fier que, pas plus tard que ce matin, non seulement à cause des festivités de demain, mais ce matin, les communes de Schengen, Luxembourg, de Perl, Allemagne et Apach en France, ont acheté des banderoles pour les afficher à gauche à droite de la frontière pour dire qu'ils ne veulent pas de frontière. Ça montre, encore une fois, qu'une décision prise peut-être à Berlin, qui est assez loin du Luxembourg ou de Schengen, une telle décision n'est pas supportée par toutes les administrations, que ce soit en Allemagne, en France, au Luxembourg, mais je suppose aussi en Belgique et aux Pays-Bas.”

Um Samschdeg ass zu Schengen eng Zeremonie fir de 40. Anniversaire vum Accord.

play_arrow Lauschteren