arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léon Gloden huet sech mam däitschen Inneminister getraff

Grenzkontrollen a Migratioun

|
reading time

1 min

Léon Gloden huet sech mam däitschen Inneminister getraff

Den Inneminister Léon Gloden huet sech gëschter, Freideg, hei zu Lëtzebuerg mat sengem däitschen Homolog, dem Alexander Dobrindt getraff.

reading time

1 min

Den däitschen a lëtzebuergeschen Inneminiser Alexander Dobrindt a Léon Gloden | © SIP / Claude Piscitelli
Den däitschen a lëtzebuergeschen Inneminiser Alexander Dobrindt a Léon Gloden (Foto: SIP / Claude Piscitelli)

Bei der Aarbechtsvisitt goung et ënnert anerem ëm d‘Grenzkontrollen, d‘Migratiounspolitik, an d'Zesummenaarbecht tëschent der däitscher a Lëtzebuerger Police. Béid Ministeren hunn de Réckgang vun der irregulärer Migratioun un den EU-Baussegrenze begréisst a ware sech eens, fir sech nach eng Kéier iwwer eng Optimiséierung vum Kontrollpunkt op der Schengener Bréck ze beroden.