Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kamala Harris huet genuch Stëmme fir d'Nominatioun bei den Demokraten ze gewannen

USA

Kamala Harris huet genuch Stëmme fir d'Nominatioun bei den Demokraten ze gewannen

Déi amerikanesch Vize-Presidentin Kamala Harris krut weider Ënnerstëtzung bei den Demokrate fir bei de Presidentewalen am November géint den Donald Trump unzetrieden. Si hätt elo genuch Delegéierter hanner sech fir d'Nominatioun bei den Demokraten ze gewannen, esou CNN an d'Noriichtenagence AP.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Ting Shen - Pool via CNP

Eng Rei weider prominent Demokraten hu sech hannert d'Kamala Harris gestallt, dorënner déi fréier Cheffin vum Representantenhaus Nancy Pelosi. Fir offiziell nominéiert ze gi muss d'Kamala Harris awer de Vott bei den Demokrate gewannen. D'Ofstëmmung gëtt Online gemaach, an dat spéitstens bis de 7. August, huet d'Partei matgedeelt. 

80 Milliounen Euro bannent 24 Stonnen

D'Kamala Harris hätt bannent 24 Stonne méi wéi 80 Milliounen Dollar u Spende gesammelt, sot e Member vun hirer Walcampagne. An enger éischter Walkampf-Ried huet déi demokratesch Vize-Presidentin gëschter de republikanesche Kandidat Donald Trump attackéiert an hien en "Hochstapler" genannt. 

De President Joe Biden huet sech eng éischte Kéier ëffentlech geäussert no sengem Réckzuch aus der Presidentschaftscourse. Hien huet d'Demokraten opgeruff, d‘Kamala Harris ze ënnerstëtzen. Den Joe Biden, dee sech wéinst enger Covid-Infektioun isoléiert huet, soll haut zeréck an d'Wäisst Haus zu Washington reesen.