Radioen

On air

Moiesstudio  |  Editioun 7:00

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kamala Harris: Hir Presidence gëtt keng Suite vun där vum Joe Biden

Interview op Fox News

Kamala Harris: Hir Presidence gëtt keng Suite vun där vum Joe Biden

Hënt eiser Zäit huet déi demokratesch US-Presidentschaftskandidatin Kamala Harris hiren éischten Interview op der konservativer Televisiounschaîne Fox News ginn. Do huet si sech vun dem aktuellen US-President Joe Biden distanzéiert.

auto_stories

1 min

Kamala Harris | © picture alliance / NurPhoto | Bryan Olin Dozier
Foto: picture alliance / NurPhoto | Bryan Olin Dozier

Hir Presidence géif keng Suite gi vun där vum Joe Biden: Mat deene Wierder huet d'Kamala Harris sech vum aktuelle President Joe Biden distanzéiert. Si wéilt hir eegen Erfarungen an Iddie matbréngen a si géif eng nei Generatioun u Leadere representéieren.

Hire republikanesche Konkurrent Donald Trump huet der aktueller Vize-Presidentin virgehäit, instabil an net gëeenegt fir dëst Amt ze sinn.

Amerikanesch Medie schwätze vun engem éischter hëtzegen Debat. Beim Theema Migratioun ass de Moderater der Kamala Harris e puer Mol an d‘Wuert gefall. D‘Kamala Harris huet hei déi politesch Blockade vun de Republikaner kritiséiert.