Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Trappers - City In Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Walen hunn an éischte Bundesstaaten ugefaang

US-Walkampf

US-Walen hunn an éischte Bundesstaaten ugefaang

D‘Presidentewal an den USA huet ugefaangen: An e puer US-Staate kënnen d‘Wieler:innen zënter gëschter scho virum Waldag vum 5. November hir Stëmm fréizäiteg ofginn. Entweder per Bréif oder a Wallokaler, déi schonn op sinn.

auto_stories

1 min

Kamala Harris an Donald Trump | © picture alliance / SVEN SIMON | SVEN SIMON
Foto: picture alliance / SVEN SIMON | SVEN SIMON

Am besonnesch haart ëmkämpfte Staat Georgia gouf et eng Rekord-Participatioun um éischten Dag. Méi wéi 300.000 Leit hätten hir Stëmm ofginn, esou d‘Walautoritéit.

Georgia ass ee vun de sougenannte Swing States, déi eng Schlësselroll wäerte spillen. Den aktuellen Ëmfroen no gëtt et eng ganz enk Course tëscht der Demokratin Kamala Harris an dem Republikaner Donald Trump.