Radioen

On air

9 bis 1  |  The Smile - Don't Get Me Started

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséisch Grenzkontrollen: Impakt muss minimal bleiwen, esou de Luc Frieden

Frankräich

Franséisch Grenzkontrollen: Impakt muss minimal bleiwen, esou de Luc Frieden

Frankräich mécht vum 1. November un nees Grenzkontrolle mat Lëtzebuerg a senge fënnef aneren Nopeschlänner. Paräis huet d‘EU-Kommissioun doriwwer informéiert. Déi Kontrolle sinn an enger éischter Phas fir 6 Méint.  De Premier Luc Frieden fënnt dat keng gutt Iddi.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Danièle Weber

Als Grënn gi Sécherheetsbedenke genannt, dorënner Terrorismus, kriminell Reseauen an illegal Migratioun. Och Däitschland hat aus änleche Grënn am September nees Grenzkontrolle mat Lëtzebuerg an anere Länner ageféiert. 

Hie géif dat keng gutt Iddie fannen, sot de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden dozou gëschter um Donneschdeg um EU-Sommet zu Bréissel. Hien hätt mam däitsche Kanzler Olaf Scholz a mam franséische President Emmanuel Macron och doriwwer geschwat, esou de Luc Frieden.

Méi Versteesdemech vu Frankräich, wéi vun Däitschland

Den Emmanuel Macron wéilt de Message mathuelen, datt dës Kontrolle kee gréisseren Impakt op Grenzgänger:innen hätten.

"Mir si ganz dankbar, datt mir déi Grenzgänger zu Lëtzebuerg hunn. An ech wëll net, datt déi Leit, déi scho ganz oft vill Trajet mussen iwwer sech agoe loossen, Stau op der Strooss, am Zuch, datt déi och nach zousätzlech esou Grenzkontrollen, mat deene si wierklech näischt ze doen hunn an déi och wierklech de Problem vun der illegal Migratioun net léisen, datt si dorënner misse leiden.“

Ausso vum Luc Frieden lauschterenplay_arrow

Beim franséische President hätt een domat op méi Versteesdemech gestouss, wéi beim däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz. An Däitschland wéilt een d‘Kontrolle strikt weiderféieren, sou laang et misst sinn.

Méi irregulär Migranten zeréckschécken

Iwwerdeems si sech bei allen "innovative Solutiounen", déi d‘EU envisagéiert, fir déi illegal Migratioun méi effikass ze bekämpfen – dorënner extern Zenteren fir Migranten, déi keen Asyl kruten, heem ze schécken, oder d‘Asylprozedure baussent der EU ze behandelen - déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen eens: Et musse méi irregulär Migranten zeréck an hire Pays-d‘Origine kënne geschéckt ginn.

Dat steet och an der Schlussconclsioun, grad wéi datt de Schenge-Raum, also oppe Grenzen an déi fräi Zirkulatioun, weider muss funktionéieren. Lëtzebuerg hat op dee Punkt insistéiert.

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft