Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Migratiounspolitik: Asyl-Prozeduren baussent der EU si keen Tabu méi

EU-Sommet

EU-Migratiounspolitik: Asyl-Prozeduren baussent der EU si keen Tabu méi

Am Mëttelpunkt vum Sommet wäert een Debat iwwert de kontroverse Sujet vun der Migratioun stoen. Ënner anerem geet et drëms dofir ze suergen, datt méi Flüchtlingen, deenen hir Ufro fir Asyl an der EU ze kréien, refuséiert gouf, nees zeréckzeschécken. D'Diskussioun kéint wéi gewinnt hëtzeg ginn.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

© picture alliance/dpa | Thomas Banneyer play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer

Allerdéngs si sech d'Länner doriwwer eens, datt iwwert "innovativ" Pisten fir d'Retouren an d'Ofwéckelen vun Asylprozeduren soll diskutéiert ginn. Och Lëtzebuerg ass prett fir déi Diskussioun - wat genee ass am Gespréich? Dorop kucke mer mat eiser EU-Korrespondentin.

Lauschtert den Talk mam Danièle Weberplay_arrow

Eng Pist wiere Plattforme fir d’Retoure baussent der EU. Lëtzebuerg wier oppen, doriwwer ze diskutéieren. Dat hat déi lescht Woch den Innenminister Léon Gloden am 100,7-Interview gesot.

De Premier Luc Frieden wäert um EU-Sommet haut zu Bréissel dobäi sinn. Hie war scho gëschter um Mëttoch fir de Sommet mat de Golfstaaten an déi belsch Haaptstad gereest.

Um EU-Sommet gëtt och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj erwaart. Hien huet wëlles, de Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner säi Plang fir eng Victoire am Krich mat Russland ze presentéieren.

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft