Radioen

On air

Moiesstudio  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kanneraarmut zu Lëtzebuerg

Um Bord vum Aarmutsrisiko

Kanneraarmut zu Lëtzebuerg

D’Zuel ass erschreckend a vill Leit kënnen sech dat hei am Land warscheinlech guer net virstellen, mee: all véiert Kand zu Lëtzebuerg lieft um Bord vum Aarmutsrisiko.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky play_arrow
(Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky)

All véiert Kand zu Lëtzebuerg lieft um Bord vum Aarmutsrisiko. Dat huet d’Presidentin vun der Caritas Marie-Josée Jacobs d’lescht Woch am Kader vun de Koalitiounsgespréicher tëschent CSV an DP nach eemol betount. D’Caritas berifft sech hei op Statistike vun Eurostat, an deene Lëtzebuerg zanter Jore bei der Europäescher Moyenne läit. An awer gëtt Kanneraarmut seele mat Lëtzebuerg a Verbindung bruecht. D’Mesurë vu bis elo fir dëse Problem unzegoen, ginn der Caritas no net duer.

Wien gëllt zu Lëtzebuerg als aarm?

Kanner, déi an Aarmut opwuessen, hunn dacks manner Méiglechkeeten, hiert Potenzial entwéckelen, wat d’Grondlag fir eng schlecht Gesondheet, schlecht Bildungschancen an Aarbechtslosegkeet schaaft.

Um Bord vun der Aarmut lieft een dem Statec no, wann een ënner 60 Prozent vum Medianakommes hei zu Lëtzebuerg verdéngt. D'Medianakommes ass dee Revenu, bei deem et genee esou vill Mënsche mat méi héijem, wéi och mat méi nidderegem Revenu gëtt. Zu Lëtzebuerg läit dee bei ronn 3.700 Euro Netto de Mount. Vun alle Stéit sinn dëser Definitioun no ronn 18 Prozent vum Aarmutsrisiko betraff.

Wann een awer elo just d’Kanner kuckt, dann ass den Aarmutsrisiko vill méi héich wéi déi 18 Prozent. Dat läit virun allem dorun, datt d’Aarmut dacks iwwer Generatioune weiderverierft gëtt, erkläert d’Carole Reckinger vun der Caritas. Et wier een Däiwelskrees.

“Wann et den Elteren net gutt geet, da geet et de Kanner och net gutt. Wann d’Elteren ee Problem hu fir iwwer d’Ronnen ze kommen, dat huet een direkten Impakt op d’Kanner.” 

Dacks si Kanner mat elengerzéienden Eltere betraff

Wann een elo kuckt, aus wat fir Stéit dës Kanner kommen, da fält op, datt Kanner, déi mat nëmmen engem Elterendeel doheem opwuessen, ee vill méi grousse Risk hunn, an Aarmut opzewuessen.

“Datt do natierlech och vill Problemer dobäi kommen, well wa just eng Persoun kann de Loyer bezuelen, an net zwee, dann huet een zu Lëtzebuerg ee vill méi grousse Risk an d’Aarmut ze rëtsche wéinst deenen extrem héije Logementspräisser.”

Aarmut ass net nëmmen eng Fro vu Suen

Aarmut huet eng ganz Panoplie u Konsequenze fir d’Kanner. Keng Sue fir Hobbye wéi Museksunterrecht oder och Reesen. Mee Aarmut ass net nëmmen eng Fro vu Suen, sou nach d’Carole Reckinger. Kanner aus engem sozial schwaachen Ëmfeld wiere vun Ufank un an der Schoul benodeelegt, an zéien och gesondheetlech a psychesch Konsequenze mat sech.

“Aarm sinn zu Lëtzebuerg bréngt och mat sech, datt ee vill Stress huet, datt ee vill Suergen huet. Dofir soe mir och oft aarm mécht krank a krank mécht och aarm, well dat awer och ee gesondheetlechen Impakt kann hunn, wann ee sech all Dag muss Suerge maache wéi een iwwer d’Ronne kënnt. A wann d’Elteren an deem Däiwelskrees dra sinn, dann huet dat natierlech och een Impakt op d’Kanner, déi kënnen dovunner net geschützt ginn.”

Fir de Kanner, déi um Bord vun der Aarmut liewen, ze hëllefen, muss een also den Elteren hëllefen, sou nach d’Carole Reckinger. Hei géife finanziell a materiell Hëllefsstellungen net onbedéngt duer goen.

“Wat mir awer virun allem och brauchen ass eng Etüd iwwer d’Kanner, déi a wierklech extrem schwierege Situatioune liewen, wéi et do eigentlech ass. Mir hunn ëmmer nëmme generell Etüden, déi da soen 1 vu 4 Kanner. Mee bon, déi gi verbessert, well si dann 100 Prozent vun de Kanner kucken. Do misste mir Etüd hunn, déi wierklech just déi kuckt, eben 1 vun deene 4. An do genau analyséiert wéi ee muss usetzen.” 

Déi héich Zuel u Kanner, déi um Bord vun der Aarmut liewen, gëtt net seriö genuch geholl, sou nach d’Carole Reckinger. Zanter Jore geet dës Zuel awer net erof, an dofir kéint een de Problem elo net méi ofstreiden. Well déi aarm Kanner vun haut sinn déi aarm Erwuesse vu muer.

Lauschterenplay_arrow