De Patrick Thoma vum OEJQS huet d’Zuelen opgeschafft. Ier een awer Resultater analyséiere konnt misst fir t’éischt kloer definéiert ginn, wat een ënnert Cybermobbing iwwerhaapt versteet. Dat huet een zesumme mat deene Befrote gemaach. Et wier een dunn op follgend Resultat komm.
"Dat ass zréckzeféieren op ee Comportement, deen intentionell ass, dee méchant ass a wou et drëms geet, deen aneren erofzemaachen. Dat ass och ee Comportement, dee widderholl gemaach gëtt a wou et drëms geet, deen aneren erofzemaachen, him ze schueden. Deen am virtuelle Raum, also natierlech am Environnement Numérique da stattfënnt. (...) An déi Jonk soen, eng Form vum Cybermobbing ass den Ausschloss aus Chatgruppen zum Beispill."
D’Zuel vun deene fënnef Prozent, bezitt sech iwwerdeems op Jonker, déi nach ni eppes vu Cybermobbing matkrit hunn. Déi aner 95 Prozent bezéien sech deemno op Täter, Affer mee och op sougenannte Bystander, also Leit déi net direkt involvéiert sinn, mee eppes doriwwer matkréien.
An den Zuele keng signifikant Ënnerscheeder tëschent Jongen a Meedercher – Bei de Motiver schonn
Et stellt sech natierlech och d’Fro firwat Leit iwwerhaapt anerer mobben, ob dat lo virtuell oder am "richtege" Liewen de Fall ass. Do wier bei de Befroten dacks den Term Vengeance oder Rachegefill gefall.
D’Affer sinn zu 5,4 Prozent Fraen an zu 6,9 Prozent Männer. Bei den Zuele ginn et do also keng grouss Ënnerscheeder. Bei de Motiver awer schonn.
"Et huet eppes mam Ausgesinn ze dinn zum Beispill an do gesäit een, datt d'Fraen do éischter impaktéiert sinn, wat dat als Ausléiser ugeet. Dat ass ee vun deenen heefegste Grënn fir d'Fraen. A fir d'Männer ass et éischter d'Nationalitéit oder och d'Relioun."
D’Follge fir d’Affer si gravéierend a bezéien sech dacks op dat Tëschemënschlecht. Et entsteet e Gefill vu Vertrauensverloscht, Verletzlechkeet an Onsécherheet. Dobäi kënnt dann och nach Roserei, Schold, datt een sech schummt bis hin zu Selbstverletzungsverhalen, esou nach de Patrick Thoma.