Dem Lëtzebuerger Bësch geet et net gutt. Den negativen Trend aus de leschte Jore setzt sech fort. De sougenannten Inventaire phytosanitaire, deen 1.176 Beem op 51 präzise Plazen am Land ënnert d‘Lupp hëlt, zeechent een drastescht Bild: Just 14 Prozent vun de Beem hu guer kee Schued, méi wéi all zweete Bam ass schwéier geschiedegt, an 12 Prozent vun de Beem sinn entweder schonn ofgestuerwen oder sti kuerz virdrun.
Kuerzfristeg Ziler gi sech gesat
Zwar huet sech den Zoustand vun de Nolebeem op niddregem Niveau liicht erholl, dofir konnt awer keng eenzeg komplett gesond Bich fonnt ginn, de Bam par excellence an eise Bëscher. Dat huet mat den dréchene Summeren a leschten Enns och mam Klimawandel ze dinn, Entwécklung leeft hei parallel. D‘Emweltministesch Joelle Welfring wëll awer géigesteieren.
D‘Neiuplanze mat méi resilienten Zorten, d‘Erhale vun der genetescher Diversitéit vun de Beem an d‘Schütze vum Bësch duerch Aflëss vu bausse gehéieren zu de kuerzfristegen Zieler. Politesch Mesuren sinn dat neit Bëschgesetz, Finanzhëllefen ënnert der Form Klimabonus Bësch an den zweeten nationale Bëschplang, dee momentan nach ausgeschafft gëtt.