Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
search

/ Josep Borrell: "D'NATO ass kee Bündnis à la carte"

Reaktioun op den Donald Trump

Josep Borrell: "D'NATO ass kee Bündnis à la carte"

D‘NATO ass kee Bündnis «à la carte», esou reagéiert den EU-Chefdiplomat Josep Borrell op dem fréieren US-President Donald Trump seng emstridden Ausso e Samschden iwwer d’Nato-Baistandsflicht.

auto_stories

1 min

Josepp Borrell | © picture alliance / NurPhoto | Jaap Arriens
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jaap Arriens

Den Trump hat bei engem Walkampfoptrett zu South Carolina gesot, datt wann hie nees President géing ginn, d‘Nato-Partner, déi hire finanzielle Verflichtungen net géingen nokommen, net méi géing viru Russland schützen. Et kéint net „elo jo, muer nee“ sinn. D’Bündnis géing existéieren, oder net existéieren, esou de Josep Borrell haut virun engem informellen Treffen zu Bréissel vun den EU-Ministere fir Entwécklung.