Radioen

On air

Notturno  |  Just About - A Musical Duo - Lost and Found

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Joresdag vum Doud vum Mahsa Amini

Iran

Joresdag vum Doud vum Mahsa Amini

Ee Joer ass et haut schonn hier, datt déi jonk Kurdin Mahsa Amini am Iran gestuerwen ass. Op der Strooss soll haut u si geduecht ginn.

auto_stories

1 min

Si war wéinst engem presuméierte Verstouss géingt déi islamesch Kleederuerdnung mat Gewalt festgeholl ginn. Si ass an de Koma gefall an haut virun engem Joer gestuerwen. Hiren Doud hat landeswäit Protester provozéiert, déi deelweis brutal néiergeschloe goufen.

D‘EU an d‘USA hunn am Zesummenhang mat deene Protester nei Sanktioune géingt den Teheraner Regime verhangen. Véier Leit a sechs Institutioune sinn dovunner betraff.