Radioen

On air

Notturno  |  Steve Gunn And David Moore - Painterly

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Joe Nilles a Jean-Luc Nosbusch sinn Éischtgewielt zu Bäerdref a Beefort

Gemengewalen 2023

Joe Nilles a Jean-Luc Nosbusch sinn Éischtgewielt zu Bäerdref a Beefort

Zu Bäerdref an zu Beefort ware gëschter net just Parlamentswalen, mee och nach Gemengewalen. Éischt Gewielte goufen do de Joe Nilles an de Jean-Luc Nosbusch. Deemno kéint et zu Bäerdref bei där nämmlechter Spëtzt bleiwen, wärend et zu Beefort zu engem Wiessel komme kéint.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

An der Majorzgemeng Bäerdref ass mat 670 Stëmmen de klore Gewënner den Joe Nilles. Hei sinn d’Gemengewalen am Juni ofgesot ginn, wéinst dem Dout vun engem Kandidat. Zweetgewielten ass mat 513 Stëmmen de Ben Streff, fir deen dat eng besonneg Wal war: zesumme mat der Paulette Lenert ass hie gläichzäiteg am Bezierk Osten als Spëtzekandidat fir d’LSAP ugetrueden. Drëttgewielten ass de Marc Wintersdorf, deen och schonn Erfarung als Gemengeconseiller matbréngt. De Buergermeeschter vu bis elo an éischtgewielte Joe Nilles geet dovun aus, datt et zu kengem Buergermeeschterwiessel kënnt.

“Wann dir d’Stëmme kuckt, ech mengen et ass een eendeitege Score, deen ech gemaach hunn. Dobäi hunn ech jo och d’Ekipp am Réck, déi mech ënnerstëtzt an déi ech ënnerstëtzen."

Beefort: Warscheinlech e Buergermeeschterwiessel

Anescht gesäit et zu Beefort aus, wou et zu engem Wiessel un der Spëtzt komme kéint. An der Proporzgemeng goufen d’Gemengewale vum Juni annuléiert, well sech no de Walen erausgestallt hat, datt ee vun de Kandidaten net an der Gemeng gewunnt huet. Zwou Biergerlëschte sinn hei ugetrueden.

Den aktuelle Buergermeeschter Camille Hoffmann vun der Lëscht “är Lett” kënnt mat 707 Stëmmen nëmmen op déi véiert Plaz a gouf domat net confirméiert. Éischt gewielten ass mat 817 Stëmmen dës Kéier, wéi och schonn am Juni, de Jean-Luc Nosbusch vun där selwechter Lëscht, déi awer elo mat fënnef vun eelef Sëtz keng Majoritéit méi am Gemengerot huet. Zweet an Drëtt Gewielte sinn de Bruno Domingues an d’Lynn Mossong vun der “Biergerlëscht Beefort Déiljen Grondhaff”.

Lauschterenplay_arrow