Radioen

On air

Notturno  |  Field Music - The Noisy Days Are Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Joe Biden zitt sech aus der Course ëm d'Presidentschaft zeréck

US-Walen

Joe Biden zitt sech aus der Course ëm d'Presidentschaft zeréck

Den Joe Biden verzicht op d'Presidentschaftskandidatur. Dat huet hien op X matgedeelt. Den aktuellen US-President géing elo déi aktuell Vizepresidentin Kamala Harris ënnerstëtzen.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel

 

Dës Entscheedung vum 81 järegen Demokrat kënnt, nodeems an de leschte Wochen a Méint den Drock op hie gewuess ass. Dat virun allem, well sech seriö Gedanken iwwer säi mentalen a physeschen Zoustand gemaach gouf. Et gouf net nëmmen dru gezweiwelt, ob hien de richtege Kandidat wier, fir den Donald Trump ze schloen, mee och, ob hien iwwerhaapt nach fir d'Amt vum President gëeegent wier.

"Et ass Zäit zesummenzekommen a géint den Trump ze gewannen"

An de leschten Deeg hunn och féierend US-Demokraten dem Joe Biden de Support verweigert. E rezent Beispill ass den Ex-President Barack Obama, deen Zweiwel um Joe Biden gehat soll hunn.

Den Joe Biden sot a sengem Statement, datt et déi bescht Entscheedung wier, déi hie kéint huelen.

My fellow Democrats, I have decided not to accept the nomination and to focus all my energies on my duties as President for the remainder of my term. My very first decision as the party nominee in 2020 was to pick Kamala Harris as my Vice President. And it’s been the best decision I’ve made. Today I want to offer my full support and endorsement for Kamala to be the nominee of our party this year. Democrats — it’s time to come together and beat Trump. Let’s do this.

Et ass déi éischte Kéier zanter dem Lyndon B. Johnson am Joer 1968, datt een amtéierenden US-President sech wärend der Walcampagne fir eng Re-Elektioun zeréckzitt.

Och wann den Joe Biden annoncéiert huet, d'Kamala Harris ze ënnerstëtzen, esou mussen d'Demokraten nach offiziell ee Kandidat nominéieren. Hir nächst "Convention" ass vum 19. bis den 22. August zu Chicago.

Nominatioun vun der Kamala Harris nach net offiziell

De fréieren a ganz populäre President Barack Obama huet sech gëschter no der Annonce vum Joe Biden net direkt en faveur vun der Nominatioun vum Kamala Harris ausgedréckt.

Hie sot, datt een an den nächsten Deeg an onséchere Gewässer géif navigéieren, d’Delegéiert fir d’Convention wiere fräi ee Kandidat oder eng Kandidatin ze bestëmmen.

D'Kamala Harris krut awer schonn d'Ënnerstëtzung vun e puer prominenten Demokraten, dorënner de Bill an d'Hillary Clinton. Och de Gouverneur vu Kalifornien, Gavin Newsom, deen als méigleche Kandidat ugesi gouf, huet sech hanner d'Kamala Harris gestallt. 

Eng Inconnu ass, ob den onofhängege Senator a fréieren Demokrat Joe Manchin sech fir eng Kandidatur mellt. Hie gëllt als méi konservativ wéi d’Kamala Harris. D’Kamala Harris huet iwwerdeems wärend de leschte Joren als Vize-Presidentin net wierklech d’Politik markéiert.

Annonce vum Biden huet eng Well u Spende provozéiert

Positiv awer ass de Fait, datt d’Annonce vum Joe Biden eng Well u Spende provozéiert huet. Bannent e puer Stonne koume 46,7 Milliounen Dollar fir d’Walkampagne zesummen. 

De republikanesche Kandidat Donald Trump sengersäits huet sech doriwwer opgereegt, datt den Joe Biden sech aus der Course zeréckzitt.

Hie muss seng ganz Strategie reorientéieren. Bis elo huet déi sech op den Joe Biden fokusséiert, D'Kamala Harris ass iwwerdeems 20 Joer méi jonk wéi den Trump an als fréier Procureure wäert si déi sëlleg Geriichtsaffären, an deenen den Donald Trump verwéckelt war, an de Vierdergrond setzen.