Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E19 Mir scheiteren ëmmer nach: Daniel Balthasar an Nathalie Oberweis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jerry Grbic: Leetzënse kéinte bis Enn dës Joers weider erofgoen

ABBL

Jerry Grbic: Leetzënse kéinte bis Enn dës Joers weider erofgoen

“Et wäert viraussiichtlech virum Summer zu enger Baisse vun de Leetzënse kommen.”: Dat sot de CEO vun der ABBL am 100,7-Interview. Domat huet de Jerry Grbic op d’Ausso vun der Presidentin vun der Europäescher Zentralbank, Christine Lagarde, reagéiert. 

auto_stories

3 min

D'Christine Lagarde hat um Bord vum Weltwirtschaftsforum zu Davos an der Schwäiz erkläert, datt et warscheinlech wier, datt am Summer d’Leetzënse géifen erofgoen. Mat där Ausso hätt si sech, wéi ëmmer, e puer Dieren opgehalen, fënnt de CEO vun der Associatioun vun de Banken a Banquiere Lëtzebuerg. 

De Risko ass do, datt d'Inflatioun eropgeet

D’EZB géif Donnéeën dozou kucken, wéi d’Inflatioun sech entwéckelt: Déi wier ëmmerhin am Dezember an Europa ënner 3 Prozent gefall, no iwwer 10 Prozent am Oktober 2022. Den Haaptleetzëns läit de Moment bäi 4,5 Prozent, no zéng Erhéijungen hannerteneen.

Et hätt ee schonn e grousse Wee gemaach, betount de Jerry Grbic, an et géif gutt Viraussetzunge ginn, fir d’Inflatioun weider ënner Kontroll ze halen, mee et wieren och verschidde Risiken do.

"Datt d'Inflatioun net weider erofgeet, oder souguer kann eropgoen. Dat eent, dat sinn d'Salairen an Europa. An dat anert ass natierlech déi geopolitesch Situatioun."

EZB: Ze spéit ugefaangen, d'Zënsen eropzesetzen?

D’Christine Lagarde hat d’lescht Woch dovu geschwat, datt “verschidden Indicateuren nach net do wieren, wou mir se gär hätten”. Fir de CEO vun der ABBL goung zum Beispill d’Kärinflatioun net sou séier erof, wéi dat geduecht gouf. Dofir wier et wichteg, datt fir eventuell Baissë vun de Leetzënsen de richtegen Timing géif fonnt ginn.

"Ganz vill Leit um Marché soe jo, datt déi europäesch Zentralbank ze spéit ugefaangen hätt, d'Zënse ropzesetzen, an dofir vläicht huet bësse méi wäit goen. Ech mengen net, datt si dee Feeler nach eng Kéier wëlle maachen, an dofir passe se ganz genau op. wéi sech de Marché entwéckelt." 

Héchstens eng Baisse bis op 2,5 Prozent

De Jerry Grbic geet dovun aus, datt et an der nächster Reunioun vun der EZB nach net zu enger Baisse vun de Leetzënse kënnt, mee virum Summer nach zu enger ëm 0,25 Prozentpunkten.

"Ech ginn awer och dovun aus, datt et net déi lescht Baisse wier, an datt mir bis Enn dës Joers nach déi eng oder aner Baisse gesinn."

Een Ëmfeld vun Null- oder bal Nullzënse wäerte mir awer net méi erëmgesinn, mengt de CEO vun der ABBL, fir deen d’Leetzënse wuel héchstens vun aktuell 4,5 op 3 oder 2,5 Prozent wäerten erofgoen.


Lauschterenplay_arrow