Méindeg Moien 9 Auer, zu Ielwen bei Biekerech: de Jeff Boonen ass schonn zanter enger Zäit am Asaz.
“Jo ech fänken um hallwer 6 ëmmer un. D‘Kéi de Moie gestrach, mäi Papp huet duerno fäerdeg gemaach. A lo sinn si roueg bis den Owend.”
Betrib mat Traditioun
80 Mëllechkéi liewen um Haff vun der Famill Boonen, déi donieft och nach eng Biogasanlag bedreift. De Jeff Boonen a seng Eltere féieren den Haff, d‘Geschwëster kommen owes no der Aarbecht nach eng Hand mat upaken. De Betrib huet Traditioun.
“Em 1850 war schonn d‘Famill hei. Et ass am Fong geholl vu menger Mamm hirer Säit. Mäi Papp ass mat senger Famill aus Holland emigréiert an de 60er Joren, wéi vill Lëtzebuerger Mëllechbaueren, déi deemools eriwwer komm sinn, well et do och schonn enk ginn ass. An hei ass ebe vu menger Mamm hirer Säit - sécher 200 Joer gëtt hei Landwirtschaft gemaach.”
Den 38 Joer ale Papp vun zwee Kanner ass also déif mat senger Heemecht a sengem Beruff verwuerzelt.
Dynamik an der Politik
De konkreten Interessi un der Politik wier eréischt wärend der Uniszäit opkomm, mee de Kontakt war scho fréi do. Dem Jeff Boonen säi Papp ass laangjärege Member am Gemengerot zu Biekerech. En Impakt hätt och den 2018 verstuerwene grénge Buergermeeschter Camille Gira gehat. Duerch hien hätt hien d’Dynamik an der Politik erlieft.
“Duerch déi ganz Energiepolitik déi hei gemaach ginn ass. An dat si Saachen, déi mech begeeschtert hunn, inspiréiert hunn. An du sinn ech President bei de Jongbauere ginn, an sou wiisst een dann do ran.”.
Beruffsorganisatioun oder Parteipolitik
Parteipolitik mécht de Jeff Boonen awer eréischt zanter fënnef Joer. 2018 war hien déi éischte Kéier fir d‘CSV mat an d‘Chamberwalen.
“Well iergendwann kennt ee jo dann op de Punkt, entweder engagéiert een sech an de Beruffsorganisatiounen, oder an der Parteipolitik, fir da viru Politik kënnen ze maachen.”
Déi lescht 14 Joer huet de geléierten Agrar-Ingenieur och 20 Stonnen d‘Woch an der Ackerbauschoul geschafft: awer net fir ze enseignéieren, mee fir europäesch Projeten an d‘Foire agricole mat ze organiséieren. Mam neien Deputéiertemandat muss de Jeff Boonen dee Posten opginn.
Géint Betribsstierwe wierken
Fir déi nei Erausfuerderung huet hie scho kloer Ambitiounen, An der Chamber wéilt hien sech virun allem am Beräich vun der Landwirtschaft engagéieren. Et misst dofir gesuergt ginn, datt d‘Baueren hire Stellewäert an der Gesellschaft behalen an dem Betribsstierwen entgéint gewierkt ginn, andeems potentiellen Nowuess et méi einfach gemaach kritt, fir an de Beruff eran ze klammen.
"Et fannen sech jonk Leit an der Akerbauschoul, gesi mer ëmmer méi, déi net vum Bauer sinn an déi an dee Beruff wëllen eran, an do besteet awer dann en Challenge, wann déi dat geléiert hunn, fir déi och kënnen an déi Betriber ran ze bréngen."
Do wieren och d’Politiker gefuerdert, jonke Leit déi nei eraklammen, mat finanziell ze hëllefen. Och organisatoresch misst hinnen ënner d’Äerm gegraff ginn, well se net vun doheem aus d’Kapital géife matbréngen.
Klima an Energiepolitik eng Stëmm ginn
Klima an Energiepolitik gehéieren och zu de Prioritéite vum neien CSV-Deputéierten. Liewensmëttelproduktioun ouni d’Ëmwelt ze belaaschten.
Hie wéilt an der CSV deene Sujeten eng Stëmm ginn, betount de Jeff Boonen.
“Déi lescht Joren hate mer en Aarbechtsgrupp an der Partei, wou mer probéiert hunn, eng Klimapolitik ze definéieren, well mer ni direkt domat a Verbindung gesat ginn. Dat ass eis awer immens wichteg, an do hu mer awer mengen ech vill Potential.”
Vermaartung vu Bio ass schwiereg
Seng Meenung zum Thema Ausbau vun der Biolandwirtschaft ass e wéineg mitigéiert. Wuel misst d‘Landwirtschaft méi breet opgestallt ginn,
“Mir gesinn awer elo déi lescht Joren, datt mer immens vill politesch musse maachen, fir datt déi Biofläch wiisst, bei der Vermaartung gesi mer awer, datt et schwiereg ass. Soubal der ëmstellen, ass bemol ze vill do. D‘Marchéë sinn därmoosse kleng, an et ass eigentlech do, wou ech mengen, wou ee muss upaken.”
De Primmesystem gesäit de Jeff Boonen dobäi awer méi skeptesch. D‘Baueren dierften net just wéinst dem finanziellen Incentive op Biolandwirtschaft ëmklammen. Dat wier laangfristeg keng Léisung.
De Jeff Boonen huet also ganz kloer Virstellungen, wat hien déi nächst Jore wëll an der Chamber bewierken. Den neien CSV-Deputéierte gëtt de Mëtteg an der Chamber vereedegt.