Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d’Schauspillschoul

SOT EMOL

Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d’Schauspillschoul

De Jean Paul Raths ass gebierteg vun Useldeng, ass Schauspiller op der Theaterbün, um groussen Ecran oder och op der Televisioun. Zënter ganz laange Joren ass hie mam Virus vun der Inzenéierung ugestach an huet als Regisseur och déi aner Säit kennegeléiert. Hie wollt awer och säi Wëssen a Kënnen als Enseignant weider ginn. Um däitschen RTL huet hien an „Stadtklinik“ matgespillt, déi ëmmerhin zéng Staffele laang gelaf ass.

auto_stories

2 min

De Jean Paul Raths huet seng Schauspillformatioun op der Hochschule für Musik und Schauspiel zu Hamburg gemaach, op där hien ouni Theatererfarung opgeholl gouf.

"Ech wollt Pilot ginn"

De Jean Paul Raths wollt eigentlech ëmmer Pilot ginn, mee well hien déi Zäit Problemer mat den Aen hat a méi schlecht gesinn huet, war dat net méiglech.

“Dat war deemools extrem streng, et war e Kriterium fir net geholl ze ginn. Do konnt ech dee Gedanken ad acta leeën. Ech hu mech awer revanchéiert well ech fléien haut um Computer mam Flight Simulator.”

Den Zirkus huet eng wichteg Roll gespillt

De Jean Paul Raths ass als Kand an als Jugendlechen immens gären an den Zirkus gaangen an en ass och praktesch all Zirkus deen op Lëtzebuerg koum, kucke gaangen.

“Den Zirkus huet mech faszinéiert an déi Impressioun, déi dat op mech gemaach huet, dat huet mutéiert a mengem Kapp an dorausser ass spéider den Interêt fir den Theater ginn.“

Eng Statisteroll war den Ufank

De Jean Paul Raths huet viru senger Schauspillformatioun esou gutt wéi ni Theater gespillt, mat ebe just enger Ausnam. Wou en zu Iechternach am Lycée war huet en den André Jung kennegeléiert. An den André Jung huet de Jean Paul Raths eng Kéier mat an d’Stad geholl wou se an der Fuesvakanz en Theaterstéck opgefouert hunn.

“An do huet hie gesot: ‚Komm gees de mat an da spills de e Statist bei eis, eng Presens op der Bün ouni Text, ouni Rol.‘. Dat hunn ech gemaach an dat war am Fong déi eenzeg Kéier wou ech op enger Bün hei zu Lëtzebuerg gestane sinn.”

Zu Hamburg ware se frou iwwert de Student ouni Erfarung

Déi Zäit ware se op der Hochschule für Musik und Schauspiel zu Hamburg der Meenung, datt een dee scho vill gemaach huet, verduerwe war. Dat heescht, datt ee vun Iddië beaflosst war, déi net hirer Approche entsprach hunn.

“Ech konnt do virweisen, ech hunn näischt gemaach. Also dat war fir mech och eng positiv Geschicht. Ech war déi Zéit bei der Opnamprüfung, deen eenzegen deen Dag deen direkt, eestëmmeg opgeholl gouf.”