Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom Succès zu Cannes: Wéi eng Roll soll Lëtzebuerg zukünfteg am internationale Film spillen?

Film zu Lëtzebuerg

Nom Succès zu Cannes: Wéi eng Roll soll Lëtzebuerg zukünfteg am internationale Film spillen?

De Grand Prix fir eng Lëtzebuerger Koproduktioun um Filmfestival zu Cannes wier net nëmmen eng Reklamm hei am Land, mee en eenzegaartegen Nationbranding fir de Lëtzebuerger Filmsecteur. Dat seet de Kulturminister Eric Thill. Dem DP-Minister no soll elo d’Richtung definéiert ginn, wéi déi Lëtzebuerger Filmindustrie sech wéilt weider entwéckelen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Op der 77. Editioun vum Filmfestival zu Cannes huet eng Lëtzebuerger Koproduktioun déi zweet héchsten Auszeechnung mat “All We Imagine as Light” kritt. E grousse Moment fir de Lëtzebuerger Filmsecteur. Domadder hat de Kulturminister Eric Thill net gerechent, gëtt hie selwer zou.

Wichteg fir sech weider u Produktioune kënnen ze bedeelegen

De Film vun der indescher Realisatrice Payal Kapadia gouf vun der Déifferdenger der Firma „Les Filmes Fauves“, zesumme mat Frankräich, Holland, an Indie ko-produzéiert, a gouf vum Lëtzebuerger Filmfonds finanziell ënnerstëtzt.

"All We Imagine as Light" spillt zu Mumbai a begleet dräi jonk Infirmièren an hiren Alldag. En thematiséiert Tabu-Sujete wéi Prostitutioun, Gewalt vu Männer a forcéiert Mariagen.

Och fir den Guy Daleiden, Direkter vum Lëtzebuerger Filmfonds, sinn esou Filmprojeten ewéi "All We Imagine as Light" wichteg fir Lëtzebuerger Realisatricen a Realisateuren, fir zukünfteg u weidere Projete kënnen ze schaffen.


“Wou een dann dee Moment sech ka finanziell bedeelegen, fir dono een nächste Projet ze maachen an dann och méi Aarbecht op Lëtzebuerg ze zéien a méi Relatioune mat deene Realisateuren opzebauen, déi amgaang sinn, sech no uewen ze katapultéieren."

De Point soll gemaach ginn

No dësem Erfolleg stellt sech awer elo d’Fro, wéi eng Roll Lëtzebuerg an Zukunft an der internationaler Filmindustrie well spillen.

De Kulturminister betount, datt een zesumme mam Filmfonds a mam Medieministère de Point wéilt maachen, fir ze decidéieren, a wéi eng Richtung de Lëtzebuerger Filmsecteur sech wéilt entwéckelen.

“Dass mir do am September Assisë wäerten organiséieren, fir eeben de ganze Filmsecteur beieneen ze bréngen a wierklech och eng Kéier de Point ze maachen, wat d'Defien aktuell an och an d'Zukunft vun engem Lëtzebuerger Filmsecteur sinn, fir dëse Filmsecteur och weider attraktiv behalen."

Sou soll dann och definéiert ginn, a wat fir eng Richtung ee "politesch d'Jalone" wëll setzen, erkläert den Eric Thill.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Kultur
Kino