Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Toxic" ass de grousse Gewënner vum CinEast-Festival

Film

"Toxic" ass de grousse Gewënner vum CinEast-Festival

De litauesche Film “Toxic” vun der Saule Bliuvaite ass de grousse Gewënner vum CinEast-Festival. Souwuel den internationale Jury wéi och de Kritiker-Jury hunn dësen Drama gëschter um Samschdegowend op der Präiszeremonie um Kierchbierg ausgezeechent.

auto_stories

1 min

Foto: CinEast Facebook

"Toxic" ass een däischtere Film, an deem sech zwee jonk Meedercher via eng hypotheetesch Modellkarriär d’Flucht aus hirer verkommener Peripherie verspriechen.

Déi vum rumänesche Realisateur Alexander Nanau presidéiert Jury huet iwwerdeems de bulgareschen Drama “Windless” mat hirem Spezialpräis belount, wärend d’Kritiker nach den ungaresche Bäitrag “Lesson learned” mat enger “mention spéciale” ervirgehuewen hunn.

De Young Talents award geet un “It’s not my film” aus Polen. De Publikumslibling war dëst Joer um CinEast den tschechesche Thriller “Waves”.

Déi 17. Editioun dem Cineast-Festival vum Mëttel- an Osteuropäesche Film geet dëse Sonndeg den Owend op en Enn.