Déi rietsgeriichte Partei kritt domat eng staark Muechtpositioun am Land. Verfaassungsännerungen a Gesetzer kënnen elo ouni den Accord vum Uewerhaus duerchgesat ginn.
Déi nei Regierungscheffin hat sech fir eng méi staark Militariséierung ausgeschwat a wëllt dowéinst och de sougenannte Pazifismusartikel ofänneren. Japan hat sech an deem fir all Zäiten engagéiert op Krich ze verzichten. Si wéilt déi zolidd Unioun mat den USA och mam Donald Trump weiderféieren, an hir Unioun weider stäerken, dat sot déi japanesch Premierministesch Sanae Takaichi.