Radioen

On air

Spektrum  |  Dives - Be Fine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Japan a Groussbritannien rëtschen an eng Rezessioun - Lëtzebuerger PIB kéint wuessen

Wirtschaft

Japan a Groussbritannien rëtschen an eng Rezessioun - Lëtzebuerger PIB kéint wuessen

Groussbritannien ass an d‘Rezessioun gerutscht: Am leschten Trimester zejoert ass de PIB ëm 0,3 Prozent zréckgaangen. Iwwerdeems ass Japan net méi déi drëttstäerkste Wirtschaftsnatioun op der Welt.

auto_stories

1 min

Yen Japan | © jun rong loo
Foto: jun rong loo / Unsplash

Wat Groussbritannien ugeet sinn Analyste vun den negativen Zuelen iwwerrascht. Et hat ee just mat engem Minus vun 0,1 Prozent gerechent. Déi Entwécklung gëtt als Réckschlag fir dem Premier Rishi Sunak seng Wirtschaftspolitik ugesinn, an dat ausgerechent an engem Waljoer.

Japan huet seng Positioun als drëttstäerkst Ekonomie weltwäit un Däitschland ofginn: Japan ass am leschten Trimester 2023 onerwaart an eng Rezessioun gerutscht. De PIB ass op 4,21 Billiounen Dollar zréckgaangen. Och de Cours vum Yen ass däitlech erof gaangen. 

Lëtzebuerger PIB kéint wuessen

D‘Inflatioun an der Eurozon wäert da viraussichtlech méi séier falen, wéi nach am Hierscht erwaart. D‘EU-Kommissioun geet dovun aus, datt d‘Inflatioun vu 5,4 Prozent zejoer op dëst Joer 2,7 Prozent wäert erofgoen, nach een hallwe Prozentpunkt manner wéi an enger viregter Estimatioun. Dat haaptsächlech wéinst der Baisse bei den Energiepräisser an dem wirtschaftleche Ralentissement.

De Lëtzebuerger PIB wäert Bréissel no dëst Joer ëm 1,3 Prozent wuessen. Géintiwwer zejoert ass dat ee Minus vun 0,8 Prozent. Domat ass d‘EU-Kommissioun liicht méi skeptesch wéi de Statec, deen e Wuesstem vun 2 Prozent virausgesot huet, géintiwwer Minus 1 Prozent 2023.