Radioen

On air

Notturno  |  Cornelius - Sparks

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ J.D. Vance: Bestseller Auteur, Ex-Trump-Kritiker an Ofdreiwungs-Géigner

Running Mate vum Donald Trump

J.D. Vance: Bestseller Auteur, Ex-Trump-Kritiker an Ofdreiwungs-Géigner

J.D. Vance ass den Numm vum Donald Trump sengem Kandidat fir d'Vizepresidence vun den USA. D'Annonce vum Republikaneschen Ex-President a Kandidat dëst Joer fir d'Wäisst Haus gouf um éischten Dag vum republikanesche Kongress zu Milwaukee gemaach. 

auto_stories

2 min

headphones

5 min

JD Vance | © picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon play_arrow
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon

Zu Milwaukee gouf schonn um éischten Dag vum Kongress vun de Republikaner säin Numm gesong. Den J.D. Vance ass just eng Kopie vum Donald Trump wann et ëm seng Politik geet, sot den US-President Joe Biden no der Annonce. 

Een Cheerleader fir dem Trump seng Politik

De Senateur aus dem Ohio war net ëmmer beléift beim Trump. Viru senge bis elo just zwee Joer am amerikanesche Kongress war den J.D. Vance ee vun de grousse Kritiker vum deemolege Kandidat Trump, viru senger éischter erfollegräicher Wal 2016. Mee och wann hien deemools den Trump als Idiot oder esou guer als amerikaneschen Hitler vernannt huet, sinn déi zwee elo gutt Frënn. 

Dem 39 Joer ale Vance seng Carrière an der Politik hat e Buch als Originn. Seng Autobiographie "Hillbilly Elegy" iwwert d'Kris am aarme post-industriellen an desillusionéierten Amerika gouf zum Bestseller, wou an den USA versicht gouf, de Phenomen Trump a seng Wieler ze verstoen. Elo ass den J.D. Vance e beléifte Gaascht an de konservative Medien, een Cheerleader fir dem Ex-President seng Politik a seng Rhetorik. 

Kéint hien de Republikaner och schueden?

Hie war ee vun de prominente Republikaner, déi nom Attentat op den Donald Trump de Weekend séier hir Meenung mat der Welt gedeelt hunn. Den Joe Biden a seng politesch Rhetorik soll Schold gewiescht sinn.

E puer vum neie Vizepresidentschaftskandidat sengen anere Meenunge kéinten de Republikaner och schueden. Esou ass den J.D. Vance vill méi extrem wann et ëm dat grousst Theema Ofdreiwung geet. Hien ass géint Ofdreiwung, esouguer am Fall vu Vergewaltegung oder Inzest. De Vance souz hënt nieft dem Donald Trump, wou hie sech am Sall fir d'éischte Kéier zënter dem Mordversuch en public gewisen huet. 

Philip Crowther (Milwaukee)

Lauschteren