Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwernuechtungen an de Jugendherbergen erreechen nees Niveau vu virun der Pandemie

Tourismus

Iwwernuechtungen an de Jugendherbergen erreechen nees Niveau vu virun der Pandemie

D‘Jugendherbergen zu Lëtzebuerg waren zejoert gutt besicht: Ronn 157.000 Iwwernuechtunge goufen 2023 an de Jugendherbergen zu Lëtzebuerg enregistréiert. Dat war e Plus vu 4,6 Prozent par rapport zum Joer virdrun.

auto_stories

1 min

D’Iwwernuechtungen an de Jugendherbergen hei am Land hätten elo nees de Niveau vu virun der Covid-Pandemie erreecht. Fir eng éischte Kéier goufen och méi wéi 10.000 Iwwernuechtungen an der Jugendherberg an der Fiels erreecht, an iwwer 20.000 zu Iechternach.

Déi meescht Iwwernuechtunge ginn et nach ëmmer an der Stad. 2023 waren et iwwer 64.000 Iwwernuechtungen.