Radioen

On air

Concert  |  Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

play_arrow Live
search

/ Israel wërft Hamas vir Zivilisten als Schutzschëlder ze benotzen

Noen Osten

Israel wërft Hamas vir Zivilisten als Schutzschëlder ze benotzen

Israel huet der Terrororganisatioun Hamas op en neits virgeworf, Zivilisten als Mënschlech Schutzschëlder anzesetzen. An den ënnerierdeschen Tunnelle wiere grouss Quantitéiten u Waffe fonnt ginn, dat souguer bannent Schoulen a Moscheeën. 

auto_stories

1 min

Et géif een trotzdeem probéieren zivil Affer sou gutt et geet verhënneren, sou eng Spriecherin vum Militär.

Weider heescht et dat den Hamas och nees Rakéiten aus enger sougenannter humanitärer Zon ofgeschoss hätt. Zenter dem 18. Oktober wieren aus der Regioun ronderëm Al-Mawasi méi wéi 118 Rakéiten ofgeschoss ginn.