search

/ Israel wëllt 37 Hëllefsorganisatioune keen Accès op d'Gazasträif méi ginn

Noen Osten

|
headphones

1 min

Israel wëllt 37 Hëllefsorganisatioune keen Accès op d'Gazasträif méi ginn

Israel wéilt 37 internationalen Hëllefsorganisatiounen den Accès zur Gazasträif verbidde wa si Israel net d‘Nimm vun hire palästinenseschen Employéeë matdeelen. Dat huet déi israeelesch Regierung ugekënnegt.

headphones

1 min

100 Camione goufen an d'Gazasträif eragelooss | © picture alliance/dpa | ILIA YEFIMOVICH
100 Camione goufen an d'Gazasträif eragelooss (Foto: picture alliance/dpa | ILIA YEFIMOVICH)

De Verbuet soll muer um Donneschdeg a Kraaft trieden. Déi betraffen ONGe wéilten d‘Nimm net matdeelen, well se wéissten, datt verschidde vun de Mataarbechter:innen der Hamas géifen nostoen, esou een israeelesche Regierungsspriecher.

Ënner anerem Dokter ouni Grenzen, Care an Oxfam wiere betraff.

D‘UNO verurteelt de geplangte Verbuet als "skandaléis". D‘EU warnt, datt e verhënnere géif, datt iwwerliewenswichteg Hëllefsgidder an de Gaza géife kommen.