arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir Xavier Bettel: EU-Sanktioune géint Israel net komplett vum Dësch

Noen Osten

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Fir Xavier Bettel: EU-Sanktioune géint Israel net komplett vum Dësch

Um Bord vum Ausseminister-Conseil um Kierchbierg hunn e puer Dose Leit manifestéiert. Si fuerderen ënner anerem Sanktioune géint Israel an en Enn vum Kooperatiounsaccord tëschnt der EU an Israel. Den Xavier Bettel sot et misst ee prett sinn, ze reagéieren, jee nodeem wéi d’Situatioun evoluéiert.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© MAE
(Foto: MAE)

D’EU sollt elo net decidéieren, datt d’Propos fir Sanktioune géint Israel fale gelooss gëtt, esou d’Reaktioun vum Ausseminister Xavier Bettel. 

Net der Politik hir Aufgab

Wat d’Decisioun zu Lëtzebuerg vun der Finanzkontroll-Autoritéit, der CSSF, ugeet, israeelesch Obligatiounen ze autoriséieren, huet de Xavier Bettel op en Neits betount, datt et net un der Regierung wier, sech doran anzemëschen. 

Et wier och net der Politik hir Aufgab, ze decidéieren, ob de Krich an der Gazasträif als Krichsverbriechen oder Verbrieche géint d’Mënschlechkeet misst aklasséiert ginn.

An där Fro misste Riichteren tranchéieren, esou den DP-Politiker.

D'CSSF huet hir Decisioun geholl. Si huet mech zwou Wochen drop consultéiert, fir ze wësse wat ech dovunner géif falen. Ech mengen d'CSSF ass grouss an al genuch fir d'Zeitungen och ze liesen an de Rapporten.

Dëst wier eng Decisioun vun enger onofhängeg Instanz. "An et wier gefeelt, wann d'Politik géif decidéieren, wat eng onofhängeg Instanz ze maachen huet oder net", esou den Ausseminister. 

D’Memberlänner ware sech an de leschte Méint net eens ginn, iwwert eng Propos vun der EU-Kommissioun fir Sanktioune géint Israel ze verhänken. Et wier un de Länner ze decidéieren, ob déi Propos elo vum Dësch ass oder net, sot e Méindegmoien d’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas. 

play_arrow Lauschteren