Haut um Donneschdeg kommen zu Washington d’Membere vum Board of Peace - enger Zort Friddensrot - fir eng éischte Kéier zesummen.
Déi nei Institutioun gouf am Januar zu Davos vum US-amerikanesche President Donald Trump an d’Liewe geruff. Hir Aufgab ass et, d’Transitioun an der Gazasträif nom Krich als Deel vum Friddensplang ze iwwerwaachen.
Iwwer deen 20-Punkte-Plang war ee sech jo zejoert eens ginn. An der Europäescher Unioun goufe vun Ufank u vu verschiddene Säite Bedenke géint dee Board of Peace ugemellt. Dat ënner anerem well och de russesche President Wladimir Putin Member wier an der interner Charta no dem Donald Trump selwer d’Éier zoukéim, op onbestëmmten Zäit President vun deem Conseil ze sinn.
Zwee EU-Länner si Member, e puer anerer maachen als Observateur mat
Zwee EU-Länner - Ungarn a Bulgarien - hunn d’Invitatioun, Member an deem Board of Peace ze ginn, direkt ugeholl. Italien, Zypern a Rumänien hunn hirersäits acceptéiert als Observateuren dobäi ze sinn. Vum Rescht vun de 27 EU-Länner wëllt bis elo kee matmaachen.
EU-Kommissioun: D’Cheffin geet net, amplaz ass d’EU-Kommissärin Suica mat dobäi
Och d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun Ursula von der Leyen huet Nee gesot, awer net ganz. Ufanks der Woch koum op emol d’Annonce, amplaz vun der Cheffin géing d’Kommissärin fir de Mëttelmierraum, d’Kroatin Dubravka Suica, op Washington reesen.
Si wäert dem Kommissiounsspriecher Anuar El Anouni no beim spezifeschen Deel vun der Reunioun iwwer Gaza dobäi sinn.
EU-Kommissioun ass net Member - awer och net "Observatrice"
Dat awer géing net heeschen, datt d’Europäesch Kommissioun elo Member vum Friddens-Conseil wier. D’Kommissioun hätt och weiderhi Froen iwwer déi nei Institutioun, esou de Porte-parole.
"Concernant un certain nombre d'éléments dans la charte du conseil de paix liée un à son champ d'application, deux à sa gouvernance et trois sa compatibilité avec la Charte des Nations-Unies."
Wat ass dann elo de Status vun der EU-Kommmissioun an deem Board of peace? Den Terme “Observateur” wollt d’Chefspriecherin vun der Kommissioun, Paula Pinho, trotz widderhueltem Nofroe vun der Press kloer net an de Mond huelen.
"C'est justement pour renforcer tout ce qu'on est en train de faire pour Gaza dès le début et ça renforce aussi le fait qu'on est vraiment vraiment dédié à la paix,ä la concrétisation de la paix à Gaza."
EU ënnersträicht Engagement am Friddensprozess
D’EU wier dee gréissten Donateur an der Gazasträif, d’Participatioun un der Reunioun an den USA wier och an deem Sënn ze gesinn, rappelléiert den Anouar El Anouni.
"Dëst Joer hu mir ee Programm vun 1,6 Milliarden Euro zesummegestallt. Mir hunn och zënter Oktober 2023 eng humanitär Hëllef am Wäert vun 500 Milliounen Euro zur Verfügung gestallt."
Kritik vun de Sozialdemokraten am Europaparlament
D’Presence zu Washington vun der Kommissioun huet direkt Kritik ausgeléist - ënner anerem vu Säite vun der sozialistescher Fraktioun am Europaparlament.
D’Kommissioun misst hir Positioun am Board of Peace erklären, si wier net transparent, si hätt kee kloert Mandat, d’Participatioun an enger Initiativ baussent de Vereente Natioune wier bedenklech, heescht et an engem Pressecommuniqué.
D’Kommissioun huet dorop net direkt geäntwert. D’Spriecherin Ariana Podesta huet betount:
"Mir si prett mat den USA um Ëmsetze vum Friddensplang ze schaffen, am Aklang mat der Resolutioun vum UNO. D’Kommissärin ass mat deem But do."
A wéi wäit ass EU-Approche mat de Memberlänner ofgeschwat?
Och der Fro, ob déi Decisioun mat de Memberstaaten ofgeschwat war, ass de Porte-parole Anuar El Anouni éischter ausgewäicht.
“Dat wat ech Iech soe kann, ass datt d’EU Chef-Diplomatin am Kontakt mat de Ministeren ass.”
Verschiddener vun deene Ministeren, zum Beispill de Lëtzebuerger Ausseminister, sinn iwwerdeems net begeeschtert vum Board of Peace. Dat huet de Xavier Bettel Enn Januar an engem Interview mat Euronews betount.
"D’Palästinenser sëtzen net mat Dësch, par contre zu Russland, an ausgerechent den Aggresseur an der Ukrain als Member an engem Friddensrot ze akzeptéieren, ass och speziell."
Premier Luc Frieden: Lëtzebuerg war net invitéiert an ass éischter "ganz retizent"
“Lëtzebuerg ass net invitéiert”, esou de Premier Luc Frieden ënner anerem virun engem Mount um Weltwirtschaftsforum zu Davos kloergestallt. Mee och wann, wier ee “ganz retizent”.
Iwwerdeems wier et gutt, “wann Europa eng gemeinsam Meenung hätt an och gemeinsam géif soen, wat mir dovun halen”. D’EU awer ass sech net eens - dat weist d’Participatioun vu verschiddene Länner um Meeting zu Washington.
Dernieft dréit déi e bësse plëtzlech annoncéiert Presenz vun enger EU-Kommissärin och net zum Eenheetsbild bäi.
Diskussioun um EU-Ausseminister-Conseil e Méindeg
Den nächste Méindeg huet de Xavier Bettel d’Geleeënheet doriwwer mat sengen EU-Kolleegen a Kolleeginnen op enger Reunioun vun de 27 EU-Ausseministeren ze diskutéieren. Invitéiert ass och de bulgareschen Diplomat Nickolay Mladenov, dee vum Donald Trump als Héije Représentant fir Gaza genannt gouf.
Mat him soll gekläert ginn, wéi d’Europäesch Unioun konkreet ka beim Friddensplang matmaachen, esou nach de Spriecher vun der Kommissioun.