De Verbuet soll muer um Donneschdeg a Kraaft trieden. Déi betraffen ONGe wéilten d‘Nimm net matdeelen, well se wéissten, datt verschidde vun de Mataarbechter:innen der Hamas géifen nostoen, esou een israeelesche Regierungsspriecher.
Ënner anerem Dokter ouni Grenzen, Care an Oxfam wiere betraff.
D‘UNO verurteelt de geplangte Verbuet als "skandaléis". D‘EU warnt, datt e verhënnere géif, datt iwwerliewenswichteg Hëllefsgidder an de Gaza géife kommen.